Ech heeschen Tammy Jacoby an hu 35 Joer. Ech si bestuet an hunn Zwillinge vu 4 Joer, e Jong an e Meedchen. Ech si vu Beruff Léierin a schaffen am Atert-Lycée zu Réiden. Meng gréissten Hobbyen si BAKEN an DEKORÉIEREN. Ech ginn oft vu Kollegen a Bekannte no Rezepter oder Iddien gefrot an ech hu mer geduecht, ech géing iwwert deen hei Wee meng Rezepter an Dekoratioune mat iech deelen. Wat meng Rezepter ugeet handelt et sech éischter em klassesch Familljerezepter. Et brauch ee keng speziell Zutaten fir dran, an den Opwand ass och meeschtens net all ze grouss. D’Resultat léisst sech awer weisen a virun allem schmaachen.
Zéckt net mir ze schreiwen bei eventuelle Froën oder Problemer, ech hëllefe gäer wann eppes net klappt.
Tammy