Kichelcher · Ouschteren · Rezepter

Ouschterkichelcher

E ganz einfacht Rezept fir Mürbekichelcher. An duerno bësse Gepiddels fir d’Glasur driwwer ze maachen, mee déi kann een och roueg wechloossen. Wann ee schéin Ausstiechformen huet, da gesinn d’Kichelcher och ouni Glasur schéin aus a schmaache gutt bei enger Taass Kaffi.

Dann hei mol d’Rezept fir den Deeg:

  • 200g Botter
  • 150g Zocker
  • 1 Ee
  • 400g Miel
  • 1 Pouz Salz
  • 3 Iessläffele Ram

Dir maacht alles zesummen an eng Schossel a kniet d’Saachen zu engem gläichméissegen Deeg. Da maacht der eng Bull doraus a wéckelt Zellophan ronderëm. Den agewéckelten Deeg leet der fir eng hallef Stonn an de Frigo.

Duerno huelt der den Deeg aus dem Frigo a rullt en op enger bemielter Aarbechtsfläch aus. Da stiecht der är Formen aus a leet se op ee mat Bakpabaier ausgeluechten Bakblech.

D’Kichlcher ginn am viergewiermten Uewen bei 170 Grad Ëmloft ongeféier 8-10 Minutte gebak. Loosst d’Kichelcher duerno op engem Hiertchen ofkillen.

Wann d’Kichelcher kal sinn, da kënnt der d’Glasur preparéieren fir driwwer.

Fir d’Glasur braucht der:

  • 1 Eewäiss
  • 1 Téiläffel Jus vun enger augepresster Zitroun
  • 150g Pudderzocker
  • Evtl bësse Liewensmëttelfaarw (ech hu rout Liewensmëttelfaarf fir méng Kichelcher geholl)

Dir maacht d’Eewäiss an de Zitrounejus an eng Schossel a klappt dat op, bis et wéi Schnéi ausgesäit. Da gi der lues a lues de Pudderzocker derbäi a vermëscht alles zu enger zimmlech déckflësseger Glasur. Wann der wëllt, da kënnt der lo nach bësse Liewensmëttelfaarf derbäi maachen (passt just op mat der Doséierung well déi Faarwen oft ganz staark sinn…dofir léiwer puermol just eng kleng Drëps derbäi maachen a kucke wéi d’Faarf gëtt)

Dann huelt der e klengt Messer a verdeelt op all Kichelche bësse Glasur. Dir musst d’Kichelcher gutt dréchne loossen ier der se an eng Këscht maacht.

Vill Spass a schéin Ouschteren!

Nach e gutt Rezept fir Ouschteren ass de Muertekuch, deen der och hei um Blog fannt! A puer Iddiën dir den Ouschterdësch kënnt der iech och ukucken…

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s