Kichelcher · Ouschteren · Rezepter

Ouschterkichelcher

E ganz einfacht Rezept fir Mürbekichelcher. An duerno bësse Gepiddels fir d’Glasur driwwer ze maachen, mee déi kann een och roueg wechloossen. Wann ee schéin Ausstiechformen huet, da gesinn d’Kichelcher och ouni Glasur schéin aus a schmaache gutt bei enger Taass Kaffi. Dann hei mol d’Rezept fir den Deeg: 200g Botter 150g Zocker 1 Ee… Weiterlesen Ouschterkichelcher

Kuchen · Rezepter

E gudde säftege Muertekuch

Hei e Rezept vun engem gudde säftege Muertekuch. Et kënnt iech dach och bestëmmt alt heiansdo vir, dass der nach Muerten am Frigo leien hutt, déi gutt verschafft wieren. A lass, probéiert mol eppes Neies aus. Wat kënnt alles dran? 375g gerappte Muerten 250g Miel 2 Téiläffele Bakpolver 250g Kristallzocker 1 Téiläffel Kanéil 250ml Ueleg… Weiterlesen E gudde säftege Muertekuch

Salzeges · Zoppen

Muertenzopp mat Kokosmëllech

Eng Muertenzopp mat Ingwer a Kokosmëllech. Ech maachen se gär em Ouschteren. Ech zerwéieren se a klengen Espressostase beim Apero. Dir kënnt se awer och roueg als Entrée zerwéieren. Wat d'Quantitéiten ubelaangt hunn ech elo alles bëssen op Ongeféier gemaach. Et ass iech selwer iwwerlooss op der méi oder manner Ingwer, Muerten oder Kokosmëllech dramaacht.… Weiterlesen Muertenzopp mat Kokosmëllech

Chrëschtdag · Kichelcher · Rezepter

Schockelaskichelcher

E klassesche Schockelaskichelchen. Wann ee Schockela gär huet, da schmaachen déi hei sécher! Et ginn ongeféier 50-60 Kichelcher. Wat kënnt alles dran? 2 Eeër 150g Botter (Zëmmertemperatur) 150g bronge Schockela 1 Pouz Salz 375g Miel 1TL Bakpolver 60g Kakaopolver 180g Schokoraspel Mam Mixer de Botter, d'Eeër, den Zocker an d'Salz gutt mixen. Duerno d'Miel mam… Weiterlesen Schockelaskichelcher

Kichelcher · Rezepter

Séiss, déck Wafelen

Hei ass e Rezept fir kleng Häerzwafelen ze maachen. Et gi keng mëll Wafelen, mee éischter bësse méi haart Kichelcher fir beim Kaffi. Et ass e Rezept vu menger Bomi. Dir braucht heivir natierlech och ee klengt häerzfërmegt Wafeleisen. Wat kënnt alles an den Deeg? 500g Miel 350g Kristallzocker 1 Pak Vanillszocker 4 Eeër 350g… Weiterlesen Séiss, déck Wafelen

Chrëschtdag · Kichelcher · Rezepter

Sprëtzgebäck mat Schockela

Hei ass e Rezept fir Kichelcher dat mat bësse méi Opwand verbonnen ass. D'Kichelcher sinn och zimmlech intensiv wat de Schockelasgoût ubelaangt. Wat alles drakënnt: 200g Botter 2 Eeër 200g Zocker 200g Miel 200g Speisestärke 4 Iessläffele Mëllech 60g gemuele Mandelen 1 Pouz Salz 100g Nëssnougat 150g Schockelasglasur Wéi gëtt et gemaach? Dir mixt de… Weiterlesen Sprëtzgebäck mat Schockela

Chrëschtdag · Rezepter

Stolle mat enger Nëss-Marzipan-Fëllung

Hei och e gutt Rezept fir d’Feierdeeg. Ech nennen et lo mol « Stollen », mee et ass lo kee klassesche Stollen. Ech maachen ëmmer 2 Stolle vun deene Quantitéiten hei. Fir den Deeg : 1 Vanillsstaang (ausgekrazt) 250g Stoffi (Quark) 200g Botter 100g Pudderzocker 2 Eeër 1 Pouz Salz 500g Miel 1 Pak Bakpolver… Weiterlesen Stolle mat enger Nëss-Marzipan-Fëllung

Chrëschtdag · Rezepter

Kichelcher mat Gebeess

E Klassiker em Chrëschtdag. Duerf a kenger Kichelcherstitche feelen. Ganz einfach ze maachen. D'Rezept ass fir 40-50 Kichelcher. Wat kënnt alles dran? 350g Miel 130g Zocker 2 Päck Vanillzocker 4 Eegiel 250g Botter Eng Pouz Salz Kréischels- oder Hammbiersgebeess (ech sinn awer absolut iwwerzeegt, dass all aner Zort Gebeess och geet) Wéi ginn d'Kichelcher gemaach?… Weiterlesen Kichelcher mat Gebeess