E Klassiker em Chrëschtdag. Duerf a kenger Kichelcherstitche feelen. Ganz einfach ze maachen.
D’Rezept ass fir 40-50 Kichelcher.
Wat kënnt alles dran?
- 350g Miel
- 130g Zocker
- 2 Päck Vanillzocker
- 4 Eegiel
- 250g Botter
- Eng Pouz Salz
- Kréischels- oder Hammbiersgebeess (ech sinn awer absolut iwwerzeegt, dass all aner Zort Gebeess och geet)
Wéi ginn d’Kichelcher gemaach?
Einfach alles bis op d’Gebeess beieneen an eng Schossel maachen an zu engem Deeg knieden. Da rullt der kleng Bullen, déi der op ee Bakblech leet (Bakpabeier net vergiessen) an wou der an d’Mëtt mat ärem klenge Fanger e klengt Lach drandréckt. An dat Lach maacht der e Flapp Gebeess.
Bei 180-200 Grad Ëmloft am viergewiermte Schäffchen ongeféier 10-15 Minutte baken.
Duerno loosst der se bëssen um Bakblech ofkillen iert der se op engem Hiertchen komplett ofkille loosst.
An enger bleche Këscht halen d’Kichelcher sech puer Wochen.
Klengen Tipp: Mam Eewäiss, wat iwwreg bleift hu der 2 Méiglechkeeten. Entweder dir maacht Meringue oder Nësskichelcher doraus.
3 Kommentare zu „Kichelcher mat Gebeess“