Chrëschtdag · Kichelcher · Rezepter

Meringue

Oft behält ee beim Baken Eewäiss iwwreg. Ech hu mer ugewinnt dovunner Meringue ze maachen. Da musst der et alt net wechwerfen.

Dat hei ginn ongeféier 30 Meringuen.

Wat kënnt alles dran?

  • 2 Eewäiss
  • 1 Téiläffel Zitrounejus
  • 150g Kristallzocker
  • 1 Pak Vanillzocker

Wéi gëtt et gemaach?

D’Eewäiss mam Zitrounejus zu festem Schnéi klappen. Duerno den Zocker derbäi mëschen, bis d’Mass schéi cremeg ass.

Bakpabeier op e Bakblech leeën an da mat engem Spritzbeutel kleng Fläpp vum Äisschnéi op de Bakpabeier drécken (hahaha…zitt iech dee Saz mol eemol ran).

Bei 80 bis 100 Grad Ëmloft 100 bis 150 Minutten am Schäffche baken (ech testen ëmmer ee Kichelchen no 100 Minutten).

Wann d’Kichelcher fäerdeg sinn da loosst se komplett ofkillen iert der se an eng Këscht apaakt.

Klengen Tipp: Wann der net wësst wat mam Eegiel ufänken, dat iwwreg bleift, da probéiert mol d‘Kichelcher mat Gebeess. Da kritt der et verschafft.

Ein Kommentar zu „Meringue

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s