Hei dann ee Rezept ouni Miel, dat heescht och mol eng Kéier eppes fir Leit, déi kee Miel iessen duerfen.... De Kuch ass mega intensiv am Schockelasgoût...dofir gëtt et bestëmmt net de Liblingskuch vu jidderengem.:-) Also sot net ech hätt iech net gewarnt...:-) Wat kënnt alles dran? - 300g Kachschockela - 100g Botter - 100g… Weiterlesen Ganz intensive Schockelaskuch
Kategorie: Kuchen
E gudde säftege Muertekuch
Hei e Rezept vun engem gudde säftege Muertekuch. Et kënnt iech dach och bestëmmt alt heiansdo vir, dass der nach Muerten am Frigo leien hutt, déi gutt verschafft wieren. A lass, probéiert mol eppes Neies aus. Wat kënnt alles dran? 375g gerappte Muerten 250g Miel 2 Téiläffele Bakpolver 250g Kristallzocker 1 Téiläffel Kanéil 250ml Ueleg… Weiterlesen E gudde säftege Muertekuch
Muffins mat Rubbarb oder Apel
E Rezept fir Muffins mat Rubbarb. Dir kënnt et awer och huele fir e Kuch ze maachen. Et gëtt mat deenen hei Quantitéite just e klenge Kuch, dir musst d'Zutaten verduebelen fir e "normale" Kuch (beim Käschtekuch fannt der d'Moossen vun de Kucheformen). Rezept: 2 Eeër 125g Kristallzocker 125g Margarine oder Botter 4 Iessläffele Mëllech… Weiterlesen Muffins mat Rubbarb oder Apel
Käschtekuch
Hei e bësse méi spezielle Kuch. Et brauch ee Käschtemiel fir dee Kuch. Dat fannt der am Biobutték. Et ass ee säftege Kuch, ganz extra am Goût. Probéiert d'Rezept roueg aus, et ass definitiv derwäert. Ech hunn d'Rezept vun enger Frëndin kritt, hunn et awer bësse geännert. Rezept: 250g Botter 250g Kristallzocker 1 Pak Vanillzocker… Weiterlesen Käschtekuch
Muffins mat Schockela
Hei een immens einfacht Rezept fir Muffins. Et brauch ee mol kee Mixer!:-) Alles an eng Schossel maachen a mam Schnéibiesem duerchernee réieren. A Muffinforme fëllen an an de Schäffchen...fäerdeg! Rezept: 2 Eeër2 Päck Vanillzocker100g Kristallzocker150g Sauerram100ml Uelegeng Pouz Salz100g Mandelen oder Hieselnëss (gemuel)100g Schokoraspel150g Miel2 Téiläffelen Bakpolver Eeër, Vanillzocker, Zocker, Sauerram an Ueleg mam… Weiterlesen Muffins mat Schockela
Säftege Marmerkuch
Hei e Rezept vun engem gutt säftege Marmerkuch. Einfach a schnell ze maachen. Rezept: 300g Miel 1 Pak Bakpolver 200g Kristallzocker 1 Pak Vanillzocker 4 Eeër 250g Botter oder Margarine 250g Sauerram eng Pouz Salz 1 Iessläffel Mëllech 1-2 Iessläffelen Kakaopolver Alles, bis op de Kakao an d'Mëllech mixen. Duerno den Deeg an 2 deelen… Weiterlesen Säftege Marmerkuch
Kalen Hond
Eng lëtzebuergesch Spezialitéit. Kalen Hond, och bekannt ënner Petitbeurre’s Kuch. Et gi vill Variante wat dëse Kuch ubelaangt. Ech kennen e vun doheem mat der klassescher Vanillsbottercrème. Ech ginn iech hei awer 2 Variante vu Bottercrème, eng Vanills- an eng Schockelasbottercrème. Béid Variante sinn a mengen A gutt, d’Schockelasvariant géing ech vläicht éischter fir e… Weiterlesen Kalen Hond
Eisekuchen
Hei ee Rezept fir Eisekuchen ze maachen. D'Rezept hunn ech vu menger Schwéiermamm an et kann een et och a méi grousse Quantitéite maachen, fir eng Kiermes oder soss e gréissert Fest. Am Fong gëtt hei einfach alles beienee geschmass, passt just op dat d'Eeër Zëmmertemperatur hunn an ech schmëlzen de Botter ëmmer fir an… Weiterlesen Eisekuchen
Roudewäinskuch
Hei een a mengen Aen absolute Klassiker, wat d’Kuchen ubelaangt. Ech erënnere mech drun, dat et dëse Kuch fir all Gebuertsdag bei eis doheem ginn ass. En ass immens einfach ze maachen, einfach alles an eng Schossel an da MIX-MIX. An eng Kucheform an eng Stonn an de Schäffchen. Einfach Pudderzocker driwwer an et huet… Weiterlesen Roudewäinskuch