Hei dann ee Rezept ouni Miel, dat heescht och mol eng Kéier eppes fir Leit, déi kee Miel iessen duerfen….
De Kuch ass mega intensiv am Schockelasgoût…dofir gëtt et bestëmmt net de Liblingskuch vu jidderengem.:-) Also sot net ech hätt iech net gewarnt…:-)
Wat kënnt alles dran?
– 300g Kachschockela
– 100g Botter
– 100g Kristallzocker
– 5 Eeër
Sou gëtt de Kuch gemaach:
Wiermt de Schäffche bei 180 Grad Ëmloft vir.
D’Eeër musst der trennen. Also wuelverstan: d’Eegiel an eng Schossel an d’Eewäiss an eng aner Schossel. Bei d’Eegiel maacht der 50g Zocker derbäi an da mixt der di Mëschung bis se schéi fluffeg (ganz hell) ass. Duerno klappt der d’Eewäiss zu festem Schnéi. Wann de Schnéi fest ass maacht der de Recht Zocker (50g) derbäi a klappt et nach bësse virun.
Op enger Kachplack schmëlzt der de Schockela mam Botter.
Lo maacht der de Schockela bei d’Eegielmëschung derbäi a mixt et kuerz. Duerno hieft der de Schnéi drënner. Wann alles gutt vermëscht ass, da fëllt der den Deeg an eng ronn Kucheform. D’Form muss virdrun agefett a bemielt sinn.
Lo loosst der de Kuch ongeféier 30 Minutten am Schäffche baken. Wann der e raushuelt da loosst e gutt ofkillen iert der en op en Teller stierzt. Wann e komplett ofgekillt ass da maacht bësse Pudderzocker driwwer ier der en zerwéiert.
Ee Gudden!
