Chrëschtdag · Kichelcher · Rezepter

Sprëtzgebäck mat Schockela

Hei ass e Rezept fir Kichelcher dat mat bësse méi Opwand verbonnen ass. D’Kichelcher sinn och zimmlech intensiv wat de Schockelasgoût ubelaangt.

Wat alles drakënnt:

  • 200g Botter
  • 2 Eeër
  • 200g Zocker
  • 200g Miel
  • 200g Speisestärke
  • 4 Iessläffele Mëllech
  • 60g gemuele Mandelen
  • 1 Pouz Salz
  • 100g Nëssnougat
  • 150g Schockelasglasur

Wéi gëtt et gemaach?

Dir mixt de Botter, den Zocker, d’Eeër an d’Salz am Mixer. Da gi der lues a lues d’Miel-Speisestärke-Mëschung derbäi a mixt et virun. Duerno d’Mëllech an d’Mandelen derbäi maachen a nach eemol mixen.

Da fëllt der den Deeg an e Spritzbeutel mat enger Stärespëtzt a maacht verschidde Formen op e Bakblech (Bakpabeier net vergiessen). Dat kënnen U-Formen, längelzeg Sträifen, Kreesser asw sinn.

Am viergewiermte Schäffchen baakt der d’Kichelcher bei 180 Grad Ëmloft ongeféier 12 Minutten.

Loosst se 5 Minutten um Blech ofkillen iert der se op en Hiertche leet soss briechen se iech.

Wann d’Kichelcher ofgekillt sinn da kënnt der d’Nëssnougat-Fëllung an enger Kasserolle wiermen bis se flësseg ass an dann ëmmer ee Kichelchen dermat besträichen an een 2. Kichelchen dropleeën.

Duerno schmëlzt der de Glasur-Schockela an zappt d’Kichelcher zur Hallschent dodran (dir kënnt se och méi oder manner dran zappen). Da leet der se op e Bakpabeier a loosst se komplett dréchene, soudass de Schockela haart ka ginn.

Loosst iech se gutt schmaachen!

Klengen Tipp: Amplaz vun der Nëssnougat-Fëllung, kënnt der och Gebeess tëscht 2 Kichelcher maachen. Oder guer näischt…dir kënnt d’Kichelcher och einfach eemol an de Schockela zappen. Dat geet och schonn duer.