Kichelcher · Rezepter

Séiss, déck Wafelen

Hei ass e Rezept fir kleng Häerzwafelen ze maachen. Et gi keng mëll Wafelen, mee éischter bësse méi haart Kichelcher fir beim Kaffi. Et ass e Rezept vu menger Bomi. Dir braucht heivir natierlech och ee klengt häerzfërmegt Wafeleisen.

Wat kënnt alles an den Deeg?

  • 500g Miel
  • 350g Kristallzocker
  • 1 Pak Vanillszocker
  • 4 Eeër
  • 350g Botter
  • 60ml Mëllech
  • 1 Téiläffel Natron (oder 1 TL Bakpolver)

Wéi gëtt den Deeg gemaach?

Dir mixt alles an enger Schossel bis der e gläichméissegen Deeg hutt. Duerno maacht der äert Eisen un a bepinselt et mat bësse Botter oder Ueleg. Wann et waarm ass gi der 1 groussen Iessläffel Deeg an d’Mëtt vum Eisen. Da maacht der d’Eisen zou a waart of bis är Wafele fäerdeg gebak sinn.

An enger bleche Këscht halen d’Wafelen sech puer Wochen…oder och net!:-)

Vill Spaass beim nobaken!

Falls der och gär eemol Eisekuche probéiert, fannt der d’Rezept och hei um Blog andeems der einfach drop klickt. Do braucht der just een anert Eisen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s