E klassesche Schockelaskichelchen. Wann ee Schockela gär huet, da schmaachen déi hei sécher!
Et ginn ongeféier 50-60 Kichelcher.
Wat kënnt alles dran?
- 2 Eeër
- 150g Botter (Zëmmertemperatur)
- 150g bronge Schockela
- 1 Pouz Salz
- 375g Miel
- 1TL Bakpolver
- 60g Kakaopolver
- 180g Schokoraspel
Mam Mixer de Botter, d’Eeër, den Zocker an d’Salz gutt mixen. Duerno d’Miel mam Bakpolver a mam Kakaopolver derbäi maachen a weider vermëschen. Duerno 135g Schokoraspel drënner ginn an dat Ganzt kuerz mat den Hänn zu engem schéi gläichméissegen Deeg knieden.
Dann den Deeg an 3 Portiounen deelen an all Portioun op engem Zellophan zu enger Zoossiss formen (ongeféier 4-5cm Duerchmiesser soll déi „Zoossiss“ hunn). D’Zoossiss ganz an den Zellophan awéckelen an déi 3 Portioune fir eng hallef Stonn an de Frigo leeën.
De Schäffchen op 170° Ëmloft vierwiermen.
D’Strullen an 3-5mm grouss Rondele schneiden (wéi eng Zoossiss). Formt se schéi ronn mat den Hänn an dann op e Bakblech leeën. Se gi weider net op, dat heescht dir kënnt se relativ no beienee leeën. Ier der se an de Schäffche maacht, de Recht Schokoraspel iwwert d’Kichelcher streeën.
D’Kichelcher ongeféier 15 Minutte baken. Duerno loosst der se op engem Hiertchen ofkillen a kënnt se dann direkt iessen oder se an enger bleche Këscht puer Wochen halen.
Ee Gudden!