E ganz einfacht Rezept fir Mürbekichelcher. An duerno bësse Gepiddels fir d’Glasur driwwer ze maachen, mee déi kann een och roueg wechloossen. Wann ee schéin Ausstiechformen huet, da gesinn d’Kichelcher och ouni Glasur schéin aus a schmaache gutt bei enger Taass Kaffi. Dann hei mol d’Rezept fir den Deeg: 200g Botter 150g Zocker 1 Ee… Weiterlesen Ouschterkichelcher
Kategorie: Kichelcher
Schockelaskichelcher
E klassesche Schockelaskichelchen. Wann ee Schockela gär huet, da schmaachen déi hei sécher! Et ginn ongeféier 50-60 Kichelcher. Wat kënnt alles dran? 2 Eeër 150g Botter (Zëmmertemperatur) 150g bronge Schockela 1 Pouz Salz 375g Miel 1TL Bakpolver 60g Kakaopolver 180g Schokoraspel Mam Mixer de Botter, d'Eeër, den Zocker an d'Salz gutt mixen. Duerno d'Miel mam… Weiterlesen Schockelaskichelcher
Klassesch Vanillkipferl
Sou, hei da lo mol rëm no laanger Zäit e "neit" Rezept. Wat Vanillkipferl ubelaangt hunn ech mech laang schwéier gedo. Hei lo mol e Rezept wat geléngt...wat de Goût ubelaangt musst der iech är eege Meenung maachen, ech hunn se net gär a ka vun dohier net aschätzen op se gutt, ok oder net… Weiterlesen Klassesch Vanillkipferl
Séiss, déck Wafelen
Hei ass e Rezept fir kleng Häerzwafelen ze maachen. Et gi keng mëll Wafelen, mee éischter bësse méi haart Kichelcher fir beim Kaffi. Et ass e Rezept vu menger Bomi. Dir braucht heivir natierlech och ee klengt häerzfërmegt Wafeleisen. Wat kënnt alles an den Deeg? 500g Miel 350g Kristallzocker 1 Pak Vanillszocker 4 Eeër 350g… Weiterlesen Séiss, déck Wafelen
Sprëtzgebäck mat Schockela
Hei ass e Rezept fir Kichelcher dat mat bësse méi Opwand verbonnen ass. D'Kichelcher sinn och zimmlech intensiv wat de Schockelasgoût ubelaangt. Wat alles drakënnt: 200g Botter 2 Eeër 200g Zocker 200g Miel 200g Speisestärke 4 Iessläffele Mëllech 60g gemuele Mandelen 1 Pouz Salz 100g Nëssnougat 150g Schockelasglasur Wéi gëtt et gemaach? Dir mixt de… Weiterlesen Sprëtzgebäck mat Schockela
Meringue
Oft behält ee beim Baken Eewäiss iwwreg. Ech hu mer ugewinnt dovunner Meringue ze maachen. Da musst der et alt net wechwerfen. Dat hei ginn ongeféier 30 Meringuen. Wat kënnt alles dran? 2 Eewäiss 1 Téiläffel Zitrounejus 150g Kristallzocker 1 Pak Vanillzocker Wéi gëtt et gemaach? D'Eewäiss mam Zitrounejus zu festem Schnéi klappen. Duerno den… Weiterlesen Meringue
Chocolate Chip Cookies
Hei e Rezept vu menger Tatta aus Amerika! Richteg Chocolate Chip Cookies. Ech hunn d'Rezept liicht ëmgeännert, well ech bësse méi genau Moosse wollt uginn, soudass et méi einfach ass se nozebaken. Vill Spaass beim Nobaken...een excellente Kichelchen!! D'Rezept ass fir ongeféier 30-40 Kichelcher, je nodeem wéi grouss der se maacht. Wat kënnt dran? 100g… Weiterlesen Chocolate Chip Cookies
Kichelcher mat Smarties
Hei ee Rezept wat sech perfekt ubitt fir zesumme mat Kanner ze "baken". Dat heescht et leeft folgendermoossen of: ech maachen den Deeg, preparéiere kleng Kéipercher op engem Bakblech an DUERNO duerfen d'Kanner Smarties, Schockelasstécker, Mini-Marshmallows, Korinten, Nëss asw drop verdeelen. Wat kënnt dran? 200g Botter 2 Eeër 250g Zocker 1 Pak Vanillzocker 300g Miel… Weiterlesen Kichelcher mat Smarties
Kichelcher mat Schockelasglasur
Ech fannen et ëmmer schéin, wann ee nom Dessert beim Kaffi nach e klengen "Extra" huet...puer selwer gebaakte Kichelcher. Op engem flotten Teller schéi presentéiert. Ech hunn zum Beispill elo fir de Weekend fir beim Kaffi bësse Bamkuch, Kokosmakrounen an eben bei där Kichelcher mat Schockelasglasur virgesinn. Ech fannen et ëmmer flott wann een 2-4… Weiterlesen Kichelcher mat Schockelasglasur
Wäffelcher
Wäffelcher, wien kennt se net? D'Rezept ass ganz einfach just fir se ze bake braucht der bëssen Zäit. A natierlech e Wäffelcherseisen!:-) Vun deem Rezept hei kritt der ongeféier 80 Wäffelcher, wann der en Téiläffel Deeg pro Kichelchen op d'Wäffelcherseise maacht. An enger bleche Këscht halen d'Kichelcher sech ouni Problem puer Wochen. Vill Spaass! Rezept:… Weiterlesen Wäffelcher