Kichelcher

Wäffelcher

Wäffelcher, wien kennt se net? D’Rezept ass ganz einfach just fir se ze bake braucht der bëssen Zäit. A natierlech e Wäffelcherseisen!:-)

Vun deem Rezept hei kritt der ongeféier 80 Wäffelcher, wann der en Téiläffel Deeg pro Kichelchen op d’Wäffelcherseise maacht. An enger bleche Këscht halen d’Kichelcher sech ouni Problem puer Wochen. Vill Spaass!

Rezept:

  • 250g Miel
  • 250g Zocker
  • 250g Botter
  • 6 Eeër
  • eng Pouz Salz

Alles matenee vermëschen bis der e gläichméissegen Deeg hutt. D’Wäffelcherseisen umaachen a waarde bis et waarm ass. Dann en Téiläffel Deeg op d’Eise ginn a bake bis de Kichelchen hellbrong ass. De Wäffelchen eraushuelen an direkt zu engem Cône rullen. Op engem Hiertchen ofkille loossen ier der d’Wäffelcher an d’Këscht maacht, soss ginn se mëll.

Klengen Tipp: Heiansdo sinn d’Wäffelcher ze dënn, da gesäit een datt se um Bord briechen. Da musst der einfach nach een Ee an den Deeg maachen an duerno sinn se gutt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s