Sou, hei da lo mol rëm no laanger Zäit e „neit“ Rezept. Wat Vanillkipferl ubelaangt hunn ech mech laang schwéier gedo. Hei lo mol e Rezept wat geléngt…wat de Goût ubelaangt musst der iech är eege Meenung maachen, ech hunn se net gär a ka vun dohier net aschätzen op se gutt, ok oder net gutt sinn. Dir kënnt mer gär e Feedback gi wann der se probéiert hutt. Ech hunn eng Mëschung aus verschidde Rezepter gemaach an hunn zu Schluss nach en Ee derbäi gemaach, well ech skeptesch war op et wierklech soll ouni Ee geléngen. Mee wann der wëllt, kënnt der d’Ee och wechloossen…be crazy!:-)
Wat kënnt alles dran?
- 300g Miel
- 75g Zocker
- 120g gemuele Mandelen
- 225g Botter
- 1 Ee
- Vanillszocker fir d’Kichelcher dran ze dréinen
Wéi ginn d’Kichelcher gemaach?
Alles an eng Schossel schmäissen a mat den Hänn zu engem Deeg knieden. Dann den Deeg zu 3 Rulle Formen. Di 3 Rullen 20-30 Minutten an der Frigo stellen. Duerno ëmmer gläich grouss Scheiwe vun deene Rullen ofschneiden (dir musst kucke fir eng Mooss ze fannen, déi iech gefält fir är Kichelcher) an déi Stécker an d’Form vun de Vanillkipferl formen.
D’Kichelcher ginn am viergewiermten Uewe bei 170° Ëmloft 10 Minutte gebak. An där Zäit kënnt der de Vanillszocker an eng kleng Schossel maachen (d’Kichelcher musse vun der Gréisst hier awer an d’Schossel passen). Wann der d’Kichelcher aus dem Schäffchen huelt, dann dréckt se mat der ieweschter Säit an de Vanillszocker a loosst se duerno op engem Hiertchen ofkillen.
Gudden Appetit!
Weider Rezepter fir Chrëschtdag oder och soss sinn Nësskichelcher, Stollen, Kichelcher mat Gebeess, Stolle mat enger Nëss-Marzipan-Fëllung, Sprëtzgebäck mat Schockela.