Sou, dat éischt Rezept fir Chrëschtdag. Ee Stollen. Et ass zwar lo kee klassesche Stollen, et ass bësse méi eng „einfach“ Variant. Wat flott drun ass, dir kënnt e sou maache wéi en iech am beschte schmaacht.
Wat alles drakënnt:
- 500g Miel
- 1 Pak Bakpolver
- 200g Zocker
- 1 Pak Vanillzocker
- 175g Margarine
- 2 Eeër
- 250g Stoffi (Quark)
- 1 Pouz Salz
- 1/2 Flacon Bittermandel
- 1 Flacon Rhumaroma
- ½ Flacon Zitrounenaroma
- 125g Korinten
- 100g gemuelen Hieselnëss
- 125g gemuele Mandelen
- 200g Marzipan
Falls der wëllt :
- 40g Zitronat
- 50g Orangeat
oder
- 90g Fruits confits
Fir d’Glasur :
- 125g Botter
- bësse Pudderzocker
Sou gëtt et gemaach :
D’Miel (gemëscht mam Bakpolver) an eng grouss Schossel maachen. An der Mëtt e klengt Lach an d’Miel drécken an d’Eeër (déi der virdrun an enger Schossel vermëscht hutt) doranner schëdden. De Stoffi, den Zocker, de Vanillzocker, d’Margarine, d’Salz, d’Aromen an d’Nëss derbäi maachen. Dann alles mat den Hänn zu engem Deeg knieden. Duerno kommen d’Korinten (an eeben och d’Fruits confits wann der da wëllt) derbäi. An da gëtt nach eemol alles gutt gekniet.
Lo deelt der den Deeg a 5 gläich grouss Portiounen (wann der mi grouss Stolle wëllt da maacht der manner Portiounen) a formt en zu 5 Stollen (all Stollen huet ongeféier 320g). De Marzipan deelt der och a 5 Stécker à 40 Gramm (dir kënnt es och roueg méi huelen, wann der gär méi Marzipan dran hätt) a rullt en zu 5 längelzege Strullen. Dir leet de Marzipan lo de laange Wee op äre Stollen a klappt den Deeg zou, soudass de Marzipan ganz an der Mëtt verstoppt ass.
Lo leet der d’Stollen op e Bakblech (vergiesst de Bakpabeier net) a loosst se am viergewiermte Schäffche bei 170 Grad Ëmloft ongeféier 40-45 Minutte goen.
Wann der d’Stollen aus dem Uewen huelt, da bepinselt der se direkt mam Botter (deen der virdru geschmolt hutt). Duerno loosst der se op engem Hiertchen ofkillen a wann se kal sinn, da maacht der nach bësse Pudderzocker driwwer.
Klengen Tipp: De Stollen hält sech ongeféier 2 Woche wann der en op enger dréchener Plaz lagert.