Hei e Rezept vu menger Tatta aus Amerika! Richteg Chocolate Chip Cookies. Ech hunn d’Rezept liicht ëmgeännert, well ech bësse méi genau Moosse wollt uginn, soudass et méi einfach ass se nozebaken. Vill Spaass beim Nobaken…een excellente Kichelchen!!
D’Rezept ass fir ongeféier 30-40 Kichelcher, je nodeem wéi grouss der se maacht.
Wat kënnt dran?
- 100g Kristallzocker
- 100g brongen Zocker
- 115g Botter
- 1 Ee
- 1 Pak Vanillzocker
- 140g Miel
- 1/2 TL Bakpolver
- 1/2 TL Natron
- 1/2 TL Salz
- 100g Huewerflacken
- 150-200g Schockela (grob gehackt)
Sou ginn d’Kichelcher gemaach:
D’Ee mam Botter gutt mixen an dann den Zocker derbäi maachen a weider mixen. Duerno d’Miel, d’Bakpolver, d’Natron an d’Salz ënnermëschen. Zu Schluss d’Huewerflacke mat de Schockelasstécker derbäi mëschen.
Mat 2 Téiläffele kleng (!!!) Kéipercher op e Bakblech maachen. Loosst genuch Plaz tëscht deenen eenzele Kichelcher, well si verlafen extrem (si gi ganz platt). An dann 8-10 Minutten am viergewiermte Schäffche bei 180 Grad Ëmloft baken. Loosst se bëssen um Bakblech ofkillen ier der se op en Hiertche leet fir komplett kal ze ginn.
Klengen Tipp: An enger bleche Këscht haalen d’Kichelcher sech epuer Wochen.