Nach e Klassiker fir an d’Kichelcherstitchen fir Chrëschtdag ze verschenken. Séier gemaach an herrlech am Goût.
Wat kënnt alles dran?
- 4 Eewäiss
- 250g Kristallzocker
- 2 Päck Vanillzocker
- 250g gemuelen Hieselnëss
- 20 Hieselnëss
Wéi ginn d’Kichelcher gemaach?
Dir klappt d’Eewäiss zu festem Schnéi a maacht dann den Zocker an d’Nëss derbäi. Dat Ganzt gutt vermëschen. Da mat 2 Téiläffele kleng Bulle/Kéip op e Bakpabeier maachen. Wann der wëllt kënnt der nach op all Bull eng hallef geschielte Noss uewendrop drécken.
Am viergewiermte Schäffche bei 170 Grad Ëmloft ongeféier 15 Minutte baken.
Hei ass et wichteg, dass der ëmmer e frësche Bakpabeier huelt wann der eng nei Sendung Kichelcher bake wëllt. An dir musst d’Kichelcher kal gi loossen iert der se vum Bakblech huelt, well soss peschen se um Bakpabeier un.
D’Kichelcher halen sech an enger bleche Këscht puer Wochen.
Klengen Tipp: Vu que dass der 4 Eegiel iwwreg haalt, proposéieren ech iech dovunner Kichelcher mat Gebeess ze maachen.
2 Kommentare zu „Nësskichelcher“