Kichelcher · Rezepter

Kichelcher mat Smarties

Hei ee Rezept wat sech perfekt ubitt fir zesumme mat Kanner ze „baken“. Dat heescht et leeft folgendermoossen of: ech maachen den Deeg, preparéiere kleng Kéipercher op engem Bakblech an DUERNO duerfen d’Kanner Smarties, Schockelasstécker, Mini-Marshmallows, Korinten, Nëss asw drop verdeelen.

D‘Kéipercher fir ze dekoréieren

Wat kënnt dran?

  • 200g Botter
  • 2 Eeër
  • 250g Zocker
  • 1 Pak Vanillzocker
  • 300g Miel
  • 1 Pak Bakpolver
  • Smarties
  • Schokotropfen
  • Korinten
  • Nëss

Botter, Eeër an Zocker mixen. Dann d’Miel an d’Bakpolver derbäi maachen.

Op engem mat Bakpabeier ausgeluechtem Bakblech mat 2 Téiläffele kleng Kéip maachen (ech maachen ongeféier 16 Kéip pro Blech, well d’Kichelcher gi mega op). Duerno loosst der d’Kanner puer Smarties oder soss eppes dropmaachen.

D’Kichelcher ginn am viergewiermte Schäffche bei 200 Grad Ëmloft 10 Minutte gebak.

Loosst se nach um Bakblech bëssen ofkillen a leet se duerno op een Hiertche fir komplett kal ze ginn.

Klengen Tipp: An enger bleche Këscht halen d’Kichelcher sech puer Wochen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s