Häppercher · Rezepter · Salzeges

Aperobrout mat Pesto

Hei ass e Rezept fir eng Alternativ zum klassegen Olivebrout beim Apero ze hunn. Einfach a schnell gemaach an et kann een et och gutt afréieren.

Wat kënnt alles dran?

    200g Miel
    1 Téiläffel Bakpolver
    100g gerappte Parmesan
    150ml Mëllech
    2 Eeër
    125-150g gréngen ODER roude Pesto (vu que dass ech fäerdege Pesto kaafe kritt een es heiansdo just vun 125g…dat geet och duer vun der Quantitéit dofir steet do 125-150 Gramm)
    100g Piniekären (dir musst keng Piniekären dramaachen, et geet och ouni)

    A sou gëtt et gemaach:
    D’Miel, d’Bakpolver an de Parmesan an enger Schossel mëschen. Dann d’Mëllech an d’Eeër derbäi maachen an alles mixen. Zu Schluss de Pesto (fäerdeg gutt leefeg aus dem Killregal) derbäi mëschen. Falls der Piniekären an äert Brout maache wëllt da musst der se an enger Pan liicht ubroden (ouni Fett) an dann och nach ënnert den Deeg mëschen.
    Eng rechteckeg Kucheform afetten a mielen an dann den Deeg dra fëllen. Am virgewiermten Schäffche bei 180 Grad Ëmloft 50-60 Minutte baken.
    Wann der d’Pestobrout aus dem Schäffchen huelt, da loosst et 10-15 Minutten ofkillen ier der et op en Hiertche stierzt.
    Fir ze zerwéiere kënnt der et a kleng Stécker schneiden.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s