Hei e Rezept vun engem gudde säftege Muertekuch. Et kënnt iech dach och bestëmmt alt heiansdo vir, dass der nach Muerten am Frigo leien hutt, déi gutt verschafft wieren. A lass, probéiert mol eppes Neies aus.
Wat kënnt alles dran?
- 375g gerappte Muerten
- 250g Miel
- 2 Téiläffele Bakpolver
- 250g Kristallzocker
- 1 Téiläffel Kanéil
- 250ml Ueleg (neutral)
- 4 Eeër
- 100g gemuele Mandelen
- 100g gemuelen Hieselnëss
Fir d’Glasur:
- 200g Pudderzocker
- 1/2 bis 1 ganz Zitroun
D’Miel mam Bakpolver vermëschen, den Zocker, de Kanéil, d’Eeër an den Ueleg derbäi maachen an alles mixen. Duerno di gerappte Muerten drënner mëschen a ganz zu Schluss d’Nëss derbäi maachen.
Ech maachen deen hei Kuch ëmmer an eng ronn Kucheform. Mee dir kënnt awer och eng grouss oder 2 kleng rechteckeg Formen huelen, wéi der wëllt.
Denkt drun är Form anzefetten an duerno ze mielen. Den Deeg dann an d’Form maachen an de Kuch bei 180 Grad Ëmloft (virgewiermt) ongeféier 50-60 Minutte goe loossen. Kontrolléiert op en duerch ass ier der en eraushuelt.
Loosst de Kuch op engem Hiertchen ofkillen an da maacht der de Pudderzocker an eng kleng Schossel. Da dréckt der 1/2 Zitroun dran aus a kuckt op et eng schéin déckflësseg wäiss Paste gëtt. Wa net, da maacht nach bëssen Zitroun derbäi. An da glaséiert der de Kuch mat der Pudderzockerglasur.
Gudden Appetit!
E klengen Tipp: Fir ze kontrolléieren op e Kuch duerch ass an der Mëtt kënnt der entweder eng Strécknol (eng dënn) huelen an an der Mëtt eemol an de Kuch picken. Wa nach Deeg un der Nol hänke bleift da musst der e nach bësse goe loosse well dann ass de Kuch nach net ganz duerch. Dir kënnt awer och einfach e laangen hëlzene Spiiss huele fir d’Kontroll ze maachen.
Ein Kommentar zu „E gudde säftege Muertekuch“