Kichelcher · Rezepter

Kichelcher mat Schockelasglasur

Ech fannen et ëmmer schéin, wann ee nom Dessert beim Kaffi nach e klengen „Extra“ huet…puer selwer gebaakte Kichelcher. Op engem flotten Teller schéi presentéiert.

Ech hunn zum Beispill elo fir de Weekend fir beim Kaffi bësse Bamkuch, Kokosmakrounen an eben bei där Kichelcher mat Schockelasglasur virgesinn.

Ech fannen et ëmmer flott wann een 2-4 verschidde Variante virgesäit. Dat ass net sou eintöneg. Ech hunn och scho puer aner Kichelcher um Blog déi een och gutt fir beim Kaffi ka maachen: Wäffelcher, Schockelaskichelcher oder Zitrounekichelcher mat Cranberry.

Hei lo mol d’Rezept vun de Kichelcher mat Schockelasglasur.

Wat kënnt alles dran?

  • 125 Botter (geschmolt)
  • 125g Zocker
  • 200g Miel
  • 1 gutt Pouz Salz
  • 3 Eeër
  • 1 Pak Schockelasglasur fir Kuchen (egal op wäissen, brongen oder schwaarze Schockela)

Also fir d’Kichelcher ze maache schmäisst der einfach alles an eng Schossel a mixt et duerno mam Mixer bis der e gläichméissegen Deeg hutt. An elo kënnt der entweder verréckt sinn an einfach mat 2 Téiläffele kleng Kéip op ee Bakblech maachen (Bakpabeier net vergiessen) soudass der schéi verréckten ongläichméisseg Kichelcher herno kritt…ODER dir fëllt ären Deeg an eng Sprëtztut (Spritzbeutel an Insiderkreesser genannt) an dir maacht wierklech immens perfekt a gläichméisseg Fläpp op äre Bakpabeier (éierlech gesot maachen ech et esou, well da kënnt der duerno mat der Glasur spillen an och mol bësse Schockela tëscht 2 Kichelcher maachen an déi dann openee pëschen).

Ech kucken ëmmer dass d’Kéip en Duerchmiesser vun ongeféier 2-3 cm hunn. Dir kënnt se natierlech och méi grouss maachen.

Sou, elo geet dat alles an de virgewiermte Schäffchen an dir loosst et bei 180 Grad Ëmloft ongeféier 15 Minutte goen.

Duerno huelt der d’Kichelcher raus a loosst se op engem Hiertchen ofkillen.

Wann är Kichelcher ofgekillt sinn, da schmëlzt der d’Schockelasglasur an zappt d’Kichelcher dran. Hei kënnt der ärer Fantasie fräie Laf loossen: dir kënnt se ganz dran zappen, oder hallef, oder dir loosst einfach mat enger Forschett bësse Glasur iwwert d’Kichelcher lafen, oder dir zappt deen ënneschten Deel (de Buedem vum Kichelchen) an de Schockela a pecht een anere Kichelchen drop,….ganz wéi der wëllt!

Leet d’Kichelcher duerno op ee Bakpabeier, well wann de Schockela gedréchent ass da kënnt der se ganz einfach do erofzéien ouni dat se peche bleiwen.

Vill Spaass!!!!

E klengen Tipp: A Plaz vun der Schockelasglasur fir Kuche kënnt der och einfach eng normal Tablett Schockela huelen an déi schmëlzen, et muss net extra Kucheglasur sinn.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s