Kichelcher

Zitrounekichelcher mat Cranberry

Hei eng méi speziell Zort Kichelcher. Bësse méi exotesch.

Ech rullen den Deeg, wann e fäerdeg gemixt ass op engem Bakpabeier aus (e soll ongeféier 1,5cm déck sinn), a baken en an engem ganze Stéck (d’Form ass am Fong egal, ronn, oval, rechteckeg oder quadratesch). Wann den Deeg fäerdeg gebak ass, da schneiden ech en nach waarm mat engem Pizzamesser a kleng Stécker (d’Gréisst ass ganz egal, ech maachen d’Stécker allerdéngs net ze vill grouss, well se sech méi kleng besser iessen). Duerno loossen ech d’Kichelcher ofkillen op engem Hiertchen an ech schmëlzen de wäisse Schockela fir d’Kichelcher hallef dranzezappen. Op engem Bakpabeier loossen ech de Schockela erëm haart ginn. A fäerdeg sinn se!

Rezept:

  • 400g Miel
  • 125g Kristallzocker
  • 1 Pak Vanillzocker
  • 250g Botter
  • eng Pouz Salz
  • 100g (gedréchent) Cranberry
  • 1/2 Zitroun (onbehandelt)
  • 250g wäisse Schockela

Miel, Zocker, Vanillzocker a Botter (geschmolt) mixen. D’Cranberry kleng hacken a mat 2 Iessläffelen Zitrounejus derbäi maachen. D’Schuel vun der hallwer Zitroun ofreiwen an bei den Deeg derbäi maachen.

Den Deeg elo wéi uewen beschriwwen ausrullen an 20 Minutten am viergewiermten Uewen bei 180 Grad Ëmloft baken.

Tipp: Et ass bësse Gepiddels fir den Deeg mam Pizzamesser a kleng Portiounen ze deelen. Et kann een d’Kichelcher och ier een den Deeg béckt a kleng ronn oder oval Portiounen deelen a se sou op de Bakpabeier leeën a bësse platt drécken. Dann huet een d’Kichelcher direkt fäerdeg an et brauch een se nach just an de Schockela ze zappen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s