Eng lëtzebuergesch Spezialitéit. Kalen Hond, och bekannt ënner Petitbeurre’s Kuch.
Et gi vill Variante wat dëse Kuch ubelaangt. Ech kennen e vun doheem mat der klassescher Vanillsbottercrème. Ech ginn iech hei awer 2 Variante vu Bottercrème, eng Vanills- an eng Schockelasbottercrème. Béid Variante sinn a mengen A gutt, d’Schockelasvariant géing ech vläicht éischter fir e Kannergebuertsdag maachen. Ech maache keen Alkohol a meng Crèmen. Daat ass awer jidderengem selwer iwwerlooss.
Ech zappen d’Kichelcher ëmmer an d’Mëllech. Dir kënnt se awer och an de Kaffi zappen.
Ech maachen ëmmer 5 Loen, soss ass e mir ze héich. Mee och hei kann ee maache wéi ee wëll.
Och d’Dekoratioun ass jidderengem selwer iwwerlooss. Toobt iech aus oder loosst et sinn…wéi der et am léifsten hutt, a wéi et iech am beschte schmaacht.
D’Rezept ass fir 8 Leit schätzen ech elo mol. Dir braucht em di 70 Kichelcher.
Rezept Schockelasbottercrème:
- 250g Botter
- 1 Eegiel
- 150g Pudderzocker
- 100g Kachschockela
Botter (Zëmmertemperatur) mam Zocker a mam Eegiel (Zëmmertemperatur) mixen. De Schockela schmëlzen an derbäi ginn. Dat Ganzt nach eemol mixen a fäerdeg.
Rezept Vanillsbottercrème:
- 250g Botter
- 2 Eegiel
- 100ml wootlëcht Waasser
- 150g Pudderzocker
Botter an Eegiel mussen Zëmmertemperatur hunn. Botter, Eegiel a Pudderzocker mixen. Duerno dat wootlëcht Waasser derbäi maachen a nach eemol mixen.
Fir de Kuch ze maachen: d’Kichelcher an d‘Mëllech (kal) zappen an dann op e Plateau leeën. D’Form vum Kuch kënnt der selwer bestëmmen, wann eng Lo Kichelcher (14 Stéck) do läit, da schmiert der Bottercrème driwwer. Duerno erëm eng Lo Kichelcher a erëm Bottercrème. Et ginn am Ganzen 5 Loe Kichelcher. Zu Schluss nach eemol Bottercrème driwwer an de Kuch da bëssen dekoréieren.
An de Frigo stellen an kal gi loossen. Keng ze grouss Stécker schneiden, well de Kuch ass zimlech kompakt. Gudden Appetit!