Hei e Rezept vun engem gutt säftege Marmerkuch. Einfach a schnell ze maachen.
Rezept:
- 300g Miel
- 1 Pak Bakpolver
- 200g Kristallzocker
- 1 Pak Vanillzocker
- 4 Eeër
- 250g Botter oder Margarine
- 250g Sauerram
- eng Pouz Salz
- 1 Iessläffel Mëllech
- 1-2 Iessläffelen Kakaopolver
Alles, bis op de Kakao an d’Mëllech mixen. Duerno den Deeg an 2 deelen an di eng Hallschent op d’Säit stellen. Bei di aner Hallschent maacht der de Kakao an d’Mëllech derbäi a mixt alles nach eemol. Sou hu der 2 verschidden Zorten Deeg, een hellen an een däischteren.
Lo maacht der di 2 Zorten Deeg an eng Form (entweder an eng ronn oder an eng eckeg Kucheform, ganz wéi et iech gefält). Et ass egal op der mat deem hellen oder deem däischteren Deeg ufänkt. Dir kënnt zu Schluss nach eemol mat engem Zännstocher oder mat enger Forschett di 2 verschidden Zorten Deeg bësse vermëschen, musst dat awer net maachen.
De Kuch elo an de viergewiermten Uewen a bei 170-180 Grad eng Stonn baken.
Op engem Hiertchen ofkille loossen, bësse Pudderzocker driwwer a fäerdeg.
Klengen Tipp: Ech fannen dëse Kuch besser, wann en een Dag al ass, dat heescht einfach an Sëlwerpabeier maachen an e bis den Dag drop halen. Dir kënnt en awer och frësch iessen.
Nach een Tipp: och deen hei Kuch léisst sech immens gutt afréieren. Gidd d’selwëcht vir wéi beim Roudewäinskuch.