Kuchen

Roudewäinskuch

Hei een a mengen Aen absolute Klassiker, wat d’Kuchen ubelaangt. Ech erënnere mech drun, dat et dëse Kuch fir all Gebuertsdag bei eis doheem ginn ass. En ass immens einfach ze maachen, einfach alles an eng Schossel an da MIX-MIX. An eng Kucheform an eng Stonn an de Schäffchen. Einfach Pudderzocker driwwer an et huet een de perfekte Kuch🤗. E schmaacht bësse no Kanéil, dofir erënnert e vläicht liicht u Chrëschtdag, wat mir allerdéngs ni bewosst war, bis eng Frëndin mech eemol drop higewisen huet. Ech fannen e schmaacht Summer wéi Wanter. Vill Spaass beim nobaken.

Rezept:

  • 250g Margarine
  • 250g Kristallzocker
  • 250g Miel
  • 4 ganz Eeër
  • 1 Pak Vanillzocker
  • 1 Pak Bakpolver
  • 1 gestr. Téiläffel Kanéil
  • 1 Téiläffel Kakaopulver
  • 1/8 Liter roude Wäin
  • 100g Schokoraspel

Alles ausser d’Schokoraspel an eng Schossel maachen a mam Mixer mixen. Zu Schluss d’Schokoraspel derbäi maachen a nach eemol duerchernee maachen. Den Deeg an eng agefett a mat Miel bepuddert Kucheform (et kann eng ronn oder eng rechteckeg Kucheform sinn, ganz egal) maachen an an de Schäffchen stellen. Eng Stonn am gewiermten Uewen bei 160-180 Grad Ëmloft baken.

De Kuch 10 Minutten an der Form ofkille loossen an en dann op en Hiertchen stierzen fir e komplett ofkillen ze loossen. Wann e kal ass einfach bësse Pudderzocker driwwer maachen.

Klengen Tipp: Dir kënnt de Kuch och afréieren. Entweder ganz oder och a klenge Portiounen. Einfach a Sëlwerpabaier paken an eng Plastikstut ronderëm maachen. Wann der en eraushuelt loosst en einfach am Sëlwerpabaier bis en entdeet ass.

Ein Kommentar zu „Roudewäinskuch

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s