Hei ee Rezept fir Eisekuchen ze maachen. D’Rezept hunn ech vu menger Schwéiermamm an et kann een et och a méi grousse Quantitéite maachen, fir eng Kiermes oder soss e gréissert Fest.
Am Fong gëtt hei einfach alles beienee geschmass, passt just op dat d’Eeër Zëmmertemperatur hunn an ech schmëlzen de Botter ëmmer fir an den Deeg.
Rezept:
- 500g Miel
- 250g Botter
- 3 Eeër
- 1/2 Liter Mëllech
- 250ml Spruddelwaasser
- 1 Pak Vanillzocker
- 1 Pak Bakpolver
Dir musst hei bëssen testen, wat d’Konsistenz vum Deeg ubelaangt. Wann en ze déckflësseg ass, da maacht nach bësse Spruddelwaasser derbäi. Et ass elo schwéier ze soë wéi vill Eisekuchen der vun deem Rezept hei kritt, schätze mol em déi 20. Hunn se ni gezielt🙈. Maachen dat awer bei nächster Geleeënheet!
D’Eise liicht mat Ueleg afetten an dann einfach een Zoppeläffel pro Eisekuch an d’Eise schëdden. Duerno op een Hiertche leeën a Pudderzocker, Schlagsahn an Äerdbier drop maachen.
Klengen Tipp: A mengen Aen gehéiert och an all séissen Deeg eng Pouz Salz, dat mëscht ee ganz groussen Deel vum Goût aus. Also zéckt och hei net!
2 Kommentare zu „Eisekuchen“