Wat wier d’Fuesent ouni frësch Fueskichelcher? Hei ass erëm e Rezept dat mech u meng Kandheet erënnert, wa meng Mamm em d’Fuesent déi klassesch « Bällercher » gemaach huet.
Eenzegen Hoken, si mussen am beschten de selwechten Dag wou der se maacht och giess ginn, well frësch schmaachen se einfach besser. Et kann een se den Dag drop och nach iessen, mee da sinn se méi mätscheg a net méi sou gutt knuspereg.
Rezept:
- 250g Stoffi
- 500g Miel
- 175g Kristallzocker
- 1 Pouz Salz
- 1 Pak Bakpolver
- 1 Pak Vanillzocker
- 3 Iessläffele Ram
- 8 Iessläffelen Ueleg
- 4 Eeër
Alles bis op d’Miel an d’Bakpolver opklappen. Duerno d’Miel an d’Bakpolver matenee vermëschen a bei den Deeg derbäi maachen a lues ënnermëschen.
D’Fett an enger Kasseroll wiermen a mat 2 Téiläffelcher kleng ronn Bällercher an d’Fett fale loossen. Ech maachen ëmmer ongeféier 8 Bällercher an enger Kéier. Waarde bis se schéi brong sinn an se dann eraushuelen an op engem Hiertchen ofkille loossen.
D’Fett muss waarm genuch sinn (d’Bällercher mussen uewen um Fett schwammen) ier een d’Bällercher dra frittéiert.
An enger grousser Schossel mat Pudderzocker driwwer zerwéieren.
Klengen Tipp: Et muss een d’Bällercher net am Fett op der Kachplack frittéieren, mee et kann een se och am Frittendëppe maachen. Just oppassen, dass der neit Fett huelt ier der d’Fueskichelcher maacht, an och drun denke fir di nächst Portioun Fritten d’Fett erëm ze wiesselen.:-)
Ein Kommentar zu „« Bällercher » Fueskichelcher matt Stoffi“