E Rezept fir d’Fuesent. Anescht wéi bei de Bällercher halen des Zort Fueskichelcher sech e puer Deeg an enger bleche Këscht.
Dat hei ass awer méi ee kompakte Kichelchen, net fluffeg. Duerch d’Puddingpolver kréien d’Kichelcher eng schéi giel Faarf bannendran.
Rezept:
- 100g Botter
- 2 Eeër
- 1 Iessläffel Vanillzocker
- 100g Kristallzocker
- 1/2 Pak Vanillpuddingpolver
- 4 Iessläffelen Sauerram
- 450g Miel
- 1,5 Téiläffel Bakpolver
- eng Pouz Salz
Botter, Eeër, Vanillzocker a Kristallzocker schaumeg mixen. Duerno de Recht derbäi mëschen an zu engem méi festen Deeg knieden.
Den Ueleg an enger Kasseroll waarm maache fir d’Kichelcher dran ze frittéieren. Ongeféier 20 kleng Kniet maachen an déi an d’Fett ginn. Ech maachen ëmmer em déi 6-8 Kichelcher pro Kéier an d’Fett.
Vill Spaass!!