Hei en einfacht Rezept vu Schockelaskichelcher. Immens séier gemaach, an awer och immens gutt am Goût. Et ginn ongeféier 50 Kichelcher déi sech gutt an enger bleche Këscht halen.
Rezept:
- 200g Miel
- 1 Téiläffel Bakpolver
- 80g brongen Zocker
- 80g Kristallzocker
- 2 Téiläffele Vanillzocker
- 1 Ee
- eng Pouz Salz
- 120g Botter (geschmolt)
- 70g gemuelen Hieselnëss
- 150g Schockodrops
Einfach alles beieneen an eng Schossel maachen an et bësse mixen. Duerno den Deeg mat den Hänn knieden a kleng Bulle formen (sou dat et ongeféier 50 Bulle ginn). Bakpabeier op ee Bakblech maachen an d’Bullen drop léën. Am viergewiermten Uewen bei 170 Grad Ëmloft 15-20 Minutte baken.