Gutt erfrëschend fir de Summer. Ratz fatz gemaach a schmaacht richteg gutt. Och fir schwanger Damme geduecht, et si keng réi Eeër dran!
Dat hei ass e Rezept fir a klenge Glieser (150-200ml) ze zerwéieren.
Dir braucht fir 6 Glieser
- 300g Äerdbier
- 500g Mascarpone
- 1 Orange
- Jus vun 1/2 Limett
- 7 Iessläffele Kristallzocker
- Tiramisukichelcher (ongeféiert 20-25 Stéck)
Fir d’éischt musst der d’Äerdbier kleng schneiden, an eng Schossel maachen a mat 2 Iessläffele Kristallzocker an dem Jus vun enger hallwer Limett „marinéieren“. Dat heescht dir schmäisst déi 3 Saachen zesummen an eng Schossel a réiert puer mol mat engem Läffel derduerch. D’Schossel duerno op d’Säit stellen.
Da maacht der d’Mascarponecrème: Mascarpone mat 5 Iessläffele Kristallzocker séissen an de Jus vun enger hallwer Orange derbäi maachen. Dat Ganzt mat engem Läffel vermësche bis eng gläichméisseg Crème entsteet. Dir kënnt nach bësse Jus vun der Orange derbäi maache wann d’Crème iech nach ze fest ass. Passt awer op datt se iech net ze vill flësseg gëtt. Si gëtt am Frigo an de Glieser zwar nach eemol bësse méi fest, mee wa se ze vill flësseg ass da gesäit et herno an de Glieser net sou gutt aus.
Lo stellt der iech d’Glieser prett an da gi der folgendermoosse vir:
Dir huelt 1-2 Tiramisukichelcher, déi der a kleng Stécker briecht an an d’Glas maacht. Dann huelt der är Orange (déi der nach vun der Mascarponecrème iwwreg hutt) a presst bësse Jus iwwert d’Kichelcher. Duerno maacht der bësse Mascarponecrème driwwer an da nach en Iessläffel marinéiert Äerdbier drop an da widderhuelt der dat Ganzt nach eemol. Dir haalt mat den Äerdbier op. D’Glieser nach epuer Stonnen an de Frigo stellen ier der se zerwéiert, da gëtt d’Crème nach bësse méi fest.
E gudden Appetit!