E Rezept fir Muffins mat Rubbarb. Dir kënnt et awer och huele fir e Kuch ze maachen. Et gëtt mat deenen hei Quantitéite just e klenge Kuch, dir musst d’Zutaten verduebelen fir e „normale“ Kuch (beim Käschtekuch fannt der d’Moossen vun de Kucheformen).
Rezept:
- 2 Eeër
- 125g Kristallzocker
- 125g Margarine oder Botter
- 4 Iessläffele Mëllech oder Ram
- 200g Miel
- 2 gestrachen Téiläffele Backpolver
- 2 Äppel oder 200g Rubbarb oder di 2 Saache gemëscht
D’Eeër mam Zocker schaumeg mixen, duerno d’Margarine an d’Ram derbäi maachen a nach eemol kuerz mixen. Da gëtt d’Miel mam Bakpolver gemëscht an och drënner gemixt. Zu Schluss d’Äppel oder de Rubbarb schielen an a kleng Wierfele schneiden ier der se ënnert den Deeg mëscht. Di kënnt hei variéiere wat d’Quantitéiten ubelaangt (bësse méi oder manner huelen) sou wéi dir et am léifsten hutt.
Wann den Deeg fäerdeg ass da fëllt en an eng kleng Kucheform respektiv a Muffinsformen (et ginn 12 Muffins). Denkt drun d’Form anzefetten an ze mielen.
Am viergewiermte Schäffchen 30-40 Minutte bei 160 Grad Ëmloft baken.
De Kuch oder d’Muffins 10 Minutten an hirer Form ofkille loossen a se dann op en Hiertche stierzen a komplett ofkille loossen. Ier der se zerwéiert kënnt der nach bësse Pudderzocker driwwer maachen.
Gudden Appetit!