Hei e bësse méi spezielle Kuch. Et brauch ee Käschtemiel fir dee Kuch. Dat fannt der am Biobutték. Et ass ee säftege Kuch, ganz extra am Goût.
Probéiert d’Rezept roueg aus, et ass definitiv derwäert. Ech hunn d’Rezept vun enger Frëndin kritt, hunn et awer bësse geännert.

Rezept:
- 250g Botter
- 250g Kristallzocker
- 1 Pak Vanillzocker
- 125g Käschtemiel
- 125g Miel
- 1 Pak Bakpolver
- 1 Pouz Salz
- 4 Eeër
- 150ml Mëllech
Alles beieneen an eng Schossel maachen a mixe bis ee glaten Deeg entsteet. Dann an eng agefett a gemielte Kucheform maachen an 50-60 Minutten bei 175 Grad Ëmloft an de Schäffchen.
Wann der en aus dem Schäffchen huelt, da loosst en roueg nach 20 bis 30 Minutten an der Kucheform ofkillen a stierzt en da réischt op en Hiertche well e brecht relativ séier.