Eng gutt frësch, selwergemaachten Taart. Herrlech! A mol guer net sou schwéier. Hei ass e Rezept op dat der egal wéien Uebst dropmaache kënnt: Äppel, Aprikosen, Rubbarb, Kiischten, Bieren a sou weider.
Dir musst fir d’éischt den Deeg maachen an an d’Taarteform drécken, duerno d’Uebst um Deeg verdeelen an dann dat Ganzt 10 Minutten am Schäffche baken ier der d’Eeërcrème driwwer maacht an et nach eemol 20-30 Minutten viru baakt.
Den Deeg gëtt och nach Läffelsdeeg genannt, well der d’Miel an den Zocker net mat der Wo ofweit mee einfach mam Läffel.
Rezept Läffelsdeeg:
- 9 Iessläffelen (gutt gehäuft) Miel
- 4 Iessläffelen Kristallzocker
- 1/2 Pak Bakpolver
- 1 Pak Vanillzocker
- 125g Botter
- 1 Ee
- Uebst mat deem der är Taart beleeë wëllt: Rubbarb, Äppel, Bieren, Aprikosen, Kiischten,…
Fir d’Eeërcrème déi herno driwwer kënnt braucht der nach:
- 2 kleng Eeër oder 1 grousst Ee
- 75ml Ram
- 3 Iessläffelen Zocker
Fir den Deeg ze maachen, maacht der alles an eng grouss Schossel a kniet et mat ären Hänn bis der eng fest Bull Deeg hutt.
Da musst der är Taarteform mat Botter afetten a mielen. Dréckt den Deeg elo gläichméisseg an d’Form sudass iwwerall d’selwecht vill Deeg ass (passt op dass der herno net zevill Deeg um Bord hutt well do geet en ëmmer am meeschten op).
Wann der den Deeg an der Form hutt, da beleet en mam Uebst. Et ass iech iwwerlooss wéi vill Uebst der wëllt dropmaachen. De Rubbarb séissen ech virdrun ëmmer bëssen, dat heescht ech schielen en, schneiden e kleng a maachen en an eng Schossel wou ech dann 1-2 Iessläffelen Zocker driwwer maachen an et bësse mëschen.
Lo stellt der d’Taart an de viergewiermte Schäffchen a baakt se bei 180 Grad Ëmloft ongeféier 10 Minutte laang.
An der Tëschenzäit preparéiert der d’Eeërcrème: Eeër, Zocker a Ram beienee maachen a mam Schnéibiesem gutt vermëschen.
No 10 Minutten huelt der d’Taart aus dem Schäffchen a schëtt d’Eeërcrème iwwert d’Uebst. Duerno loosst der se nach eemol 20-30 Minutten am Schäffche fäerdeg baken.
Ech huelen oft gliesen Taarteformen, do musst der d’Taart net onbedéngt aus der Form huele fir se ze zerwéieren. Wann der awer eng beschicht Taarteform hutt, da loosst se ofkillen ier der se aus der Form huelt well soss brécht se iech.
Ier der d’Taart zerwéiert kënnt der nach bësse Pudderzocker driwwer maachen.
Loosst iech se gutt schmaachen!
Klengen Tipp: Dir kënnt och ganz geckeg sinn an eng Taart mat verschidden Uebstzorte beleeën. Zum Beispill déi eng Hallschent mat Äppel an déi aner mat Rubbarb. Dat ass virun allem praktesch wann der vun enger Zort Uebst net méi genuch do hutt fir eng ganz Taart ze beleeën!
Nach een Tipp: D’Eeërcrème kënnt net op all Taart. Ech maachen se just iwwer folgend Uebstzorten: Äppel, Bieren, Rubbarb, Aprikosen a Kiischten.
Dir kënnt awer och eng Quetschen oder eng Prommentaart maache mat deem hei Deeg. Do kënnt keng Crème driwwer. Dir beleet den Deeg einfach mat de Quetschen oder Prommen a maacht en an de Schäffchen a fäerdeg!
Taarten maachen ech och emmer genausou! Nom gudde Rezept vun de Mammen ❤ Mmmh!
LikeGefällt 1 Person