Passend fir d’Fréijoer, e Rezept mat Rubbarb. Einfach a schnell gemaach. Kann een och gutt am Viraus preparéieren a just iert een et zerwéiert an de Schäffchen stellen. Dat hei kann een entweder an enger grousser Schossel oder a klenge Schësselcher zerwéieren.
D’Rezept ass fir 4 Persoune geduecht. Mee dat geet bei mir ëmmer bëssen op Ongeféier. Et kann ee roueg méi Äerdbier, Rubbarb oder Crumble huelen. Fäert do net fir ze experimentéieren. Sidd verréckt, toobt iech aus…traut iech:-)

Rezept:
– 300g Äerdbier
– 100g Rubbarb
– 100g Kristallocker
– 100g Botter
– 175g Miel
– 2-3 Iessläffelen Zocker zousätzlech fir iwwert d’Uebst
Dir musst d’Äerdbier an de Rubbarb kleng schneiden a mat 2-3 Iessläffelen Zocker séissen (muss net onbedéngt sinn, wann der et léiwer bësse méi sauer hutt). Da verdeelt der d’Uebst an eng gliese Schossel (dir musst d’Schossel net afetten).
Fir de Crumble den Zocker, d’Miel an de Botter an eng Schossel maachen a mat den Hänn kniede bis sou kleng Grimmelen entstinn. De Crumble einfach gläichméisseg iwwert d’Uebst verdeelen.
Dat Ganzt am viergewiermten Uewen, bei 180 Grad Ëmloft ongeféier eng hallef Stonn baken. Am beschte wootlech zerwéieren.
E Gudden!

Klengen Tipp: Als Alternativ am Hierscht kënnt der amplaz vun Äerdbeir a Rubbarb Äppel huelen. De Recht bleift d’selwecht. Dat ass och EXTRA gutt!