Hei och e gutt Rezept fir d’Feierdeeg. Ech nennen et lo mol « Stollen », mee et ass lo kee klassesche Stollen. Ech maachen ëmmer 2 Stolle vun deene Quantitéiten hei.
Fir den Deeg :
- 1 Vanillsstaang (ausgekrazt)
- 250g Stoffi (Quark)
- 200g Botter
- 100g Pudderzocker
- 2 Eeër
- 1 Pouz Salz
- 500g Miel
- 1 Pak Bakpolver
Fir d’Fëllung :
- 100g Spekuloos
- 200g Marzipan (Rohmasse)
- 1Ee
- 6 Iessläffelen Äppeljus
- 100g gemuelen Hieselnëss
- 50g Pistaschen oder Mandelen (gehackt)
Nom Baken :
- 50-100g Botter
- Pudderzocker
Fir den Deeg maacht der all d’Saachen an eng Schossel a verkniet se mat den Hänn.
Duerno preparéiert der d’Fëllung an enger separater Schossel. Dofir muss de Spekuloos kleng gegrimmelt ginn. De Marzipan kniet der zesumme mam Äppeljus a mam Ee zu enger gläichméisseger Mass. Da vermëscht der de Spekuloos, d’Marzipanmëschung an d’Nëss. Är Fëllung ass lo fäerdeg.
Dir deelt lo den Deeg an 2 Stécker a rullt all Stéck zu engem Quadrat aus. All Quadrat besträicht der mat der Fëllung soudass keng Fëllung iwwreg bleift. Duerno rullt der di 2 Quadrater op a leet se mat der Nout no ënnen op e Bakblech (Bakpabaier net vergiessen). Lo baakt der är Stollen am viergewiermte Schäffche bei 200 Grad Ëmloft 30 Minutten.
Wann der di 2 Stollen aus dem Schäffchen huelt, da bepinselt se direkt mat flëssegem Botter. Lo loosst se ofkillen. Virum zerwéiere bësse Pudderzocker driwwer maachen.