
Hei een immens einfacht Rezept fir Muffins. Et brauch ee mol kee Mixer!:-) Alles an eng Schossel maachen a mam Schnéibiesem duerchernee réieren. A Muffinforme fëllen an an de Schäffchen…fäerdeg!

Rezept:
- 2 Eeër
- 2 Päck Vanillzocker
- 100g Kristallzocker
- 150g Sauerram
- 100ml Ueleg
- eng Pouz Salz
- 100g Mandelen oder Hieselnëss (gemuel)
- 100g Schokoraspel
- 150g Miel
- 2 Téiläffelen Bakpolver
Eeër, Vanillzocker, Zocker, Sauerram an Ueleg mam Schnéibiesem verréieren.
Duerno de Recht drënner réieren an den Deeg ass fäerdeg!
20-25 Minutten am viergewiermten Uewen bei 180 Grad Ëmloft baken.
Op engem Hiertchen ofkille loossen a mat bësse Pudderzocker driwwer zerwéieren. Ee Gudden!
Klengen Tipp: Ech maachen oft Mini-Muffins. Dat sinn dann einfach mi kleng Portiounen, ideal och fir d’Kanner…