Crèmen

Crème brûlée

Ganz einfacht Rezept fir eng Crème brûlée ze maachen. Ech hunn d’Rezept viru Joren eemol vun enger Frëndin kritt an ech maachen et oft als Dessert well et ëmmer immens gutt ukënnt a wierklech net vill Opwand ass.

Ech hunn d’Crème brûlée och schonn oft a ganz kleng Schësselcher gemaach, da kann een e „Dessert Gourmand“ als Dessert maache mat nach enger oder méi aneren Desserten…bei nächster Geleeënheet sëtzen ech ee Beispill vun engem „Dessert Gourmand“ drop.

D’Rezept ass fir ongeféier 10 grouss Schossele Crème brûlée.

Rezept:

  • 600ml Ram
  • 220ml Mëllech
  • 140g Kristallzocker
  • 6 Eegiel
  • 2 Vanillschoten
  • brongen Zocker fir driwwer ze streeën ier der d’Crème zerwéiert

Ram, Mëllech, Kristallzocker an Eegiel mixen. D’Vanillschoten opschneiden an aushillegen a bei de Recht ginn. Da nach eemol alles mixen an an d’Schossele fëllen. D’Schosselen iwwer Nuecht an de Frigo stellen.

Den Dag drop d’Formen op e Blech stellen a Waasser op de Blech schëdden (soudass d’Waasser bis an d’Hallschent vun de Schossele geet).

D’Crèmen bei 150 Grad Ëmloft 45 Minutten am Schäffche baken.

D’Formen aus dem Schäffchen huelen an ofkille loossen. Kuerz virum zerwéiere bësse brongen Zocker iwwert d’Crèmen streeën an den Zocker mam Bunsenbrenner karamelliséieren.

A fäerdeg! Gudden Appetit!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s