Chrëschtdag · Rezepter

Nësskichelcher

Nach e Klassiker fir an d'Kichelcherstitchen fir Chrëschtdag ze verschenken. Séier gemaach an herrlech am Goût. Wat kënnt alles dran? 4 Eewäiss 250g Kristallzocker 2 Päck Vanillzocker 250g gemuelen Hieselnëss 20 Hieselnëss Wéi ginn d'Kichelcher gemaach? Dir klappt d'Eewäiss zu festem Schnéi a maacht dann den Zocker an d'Nëss derbäi. Dat Ganzt gutt vermëschen. Da… Weiterlesen Nësskichelcher

Kichelcher · Rezepter

Chocolate Chip Cookies

Hei e Rezept vu menger Tatta aus Amerika! Richteg Chocolate Chip Cookies. Ech hunn d'Rezept liicht ëmgeännert, well ech bësse méi genau Moosse wollt uginn, soudass et méi einfach ass se nozebaken. Vill Spaass beim Nobaken...een excellente Kichelchen!! D'Rezept ass fir ongeféier 30-40 Kichelcher, je nodeem wéi grouss der se maacht. Wat kënnt dran? 100g… Weiterlesen Chocolate Chip Cookies

Kichelcher · Rezepter

Kichelcher mat Smarties

Hei ee Rezept wat sech perfekt ubitt fir zesumme mat Kanner ze "baken". Dat heescht et leeft folgendermoossen of: ech maachen den Deeg, preparéiere kleng Kéipercher op engem Bakblech an DUERNO duerfen d'Kanner Smarties, Schockelasstécker, Mini-Marshmallows, Korinten, Nëss asw drop verdeelen. Wat kënnt dran? 200g Botter 2 Eeër 250g Zocker 1 Pak Vanillzocker 300g Miel… Weiterlesen Kichelcher mat Smarties

Kuchen · Rezepter

E gudde säftege Muertekuch

Hei e Rezept vun engem gudde säftege Muertekuch. Et kënnt iech dach och bestëmmt alt heiansdo vir, dass der nach Muerten am Frigo leien hutt, déi gutt verschafft wieren. A lass, probéiert mol eppes Neies aus. Wat kënnt alles dran? 375g gerappte Muerten 250g Miel 2 Téiläffele Bakpolver 250g Kristallzocker 1 Téiläffel Kanéil 250ml Ueleg… Weiterlesen E gudde säftege Muertekuch

Kichelcher · Rezepter

Kichelcher mat Schockelasglasur

Ech fannen et ëmmer schéin, wann ee nom Dessert beim Kaffi nach e klengen "Extra" huet...puer selwer gebaakte Kichelcher. Op engem flotten Teller schéi presentéiert. Ech hunn zum Beispill elo fir de Weekend fir beim Kaffi bësse Bamkuch, Kokosmakrounen an eben bei där Kichelcher mat Schockelasglasur virgesinn. Ech fannen et ëmmer flott wann een 2-4… Weiterlesen Kichelcher mat Schockelasglasur

Crèmen · Rezepter

Äerdbiertiramisu

Gutt erfrëschend fir de Summer. Ratz fatz gemaach a schmaacht richteg gutt. Och fir schwanger Damme geduecht, et si keng réi Eeër dran! Dat hei ass e Rezept fir a klenge Glieser (150-200ml) ze zerwéieren. Dir braucht fir 6 Glieser 300g Äerdbier 500g Mascarpone 1 Orange Jus vun 1/2 Limett 7 Iessläffele Kristallzocker Tiramisukichelcher (ongeféiert… Weiterlesen Äerdbiertiramisu

Kuchen · Rezepter

Muffins mat Rubbarb oder Apel

E Rezept fir Muffins mat Rubbarb. Dir kënnt et awer och huele fir e Kuch ze maachen. Et gëtt mat deenen hei Quantitéite just e klenge Kuch, dir musst d'Zutaten verduebelen fir e "normale" Kuch (beim Käschtekuch fannt der d'Moossen vun de Kucheformen). Rezept: 2 Eeër 125g Kristallzocker 125g Margarine oder Botter 4 Iessläffele Mëllech… Weiterlesen Muffins mat Rubbarb oder Apel