Eng gutt frësch, selwergemaachten Taart. Herrlech! A mol guer net sou schwéier. Hei ass e Rezept op dat der egal wéien Uebst dropmaache kënnt: Äppel, Aprikosen, Rubbarb, Kiischten, Bieren a sou weider. Dir musst fir d'éischt den Deeg maachen an an d'Taarteform drécken, duerno d'Uebst um Deeg verdeelen an dann dat Ganzt 10 Minutten am… Weiterlesen Läffelsdeeg fir Taarten – Rubbarbstaart
Äerdbier-Rubbarb-Crumble
Passend fir d'Fréijoer, e Rezept mat Rubbarb. Einfach a schnell gemaach. Kann een och gutt am Viraus preparéieren a just iert een et zerwéiert an de Schäffchen stellen. Dat hei kann een entweder an enger grousser Schossel oder a klenge Schësselcher zerwéieren. D'Rezept ass fir 4 Persoune geduecht. Mee dat geet bei mir ëmmer bëssen… Weiterlesen Äerdbier-Rubbarb-Crumble
Muertenzopp mat Kokosmëllech
Eng Muertenzopp mat Ingwer a Kokosmëllech. Ech maachen se gär em Ouschteren. Ech zerwéieren se a klengen Espressostase beim Apero. Dir kënnt se awer och roueg als Entrée zerwéieren. Wat d'Quantitéiten ubelaangt hunn ech elo alles bëssen op Ongeféier gemaach. Et ass iech selwer iwwerlooss op der méi oder manner Ingwer, Muerten oder Kokosmëllech dramaacht.… Weiterlesen Muertenzopp mat Kokosmëllech
Schleeken aus Bliederdeeg mat Zoossiss oder Pesto
Mega einfacht Rezept fir ganz séier e puer gutt Häppercher fir beim Apero ze maachen. Dir huelt ee fäerdege Bliederdeeg (am beschte rechteckeg, ronn geet awer och). Dir beleet en entweder mat Zoossiss oder dir schmiert en mat Pesto an (et ass egal op der rouden oder grénge Pesto huelt). Duerno rullt der den Deeg… Weiterlesen Schleeken aus Bliederdeeg mat Zoossiss oder Pesto
Dëschdekoratioun Kanddaf
Hei war meng Dëschdekoratioun fir de Kanddaf vun eise Kanner. De Kanddaf war kuerz virun Ouschteren, soudass d'Fotoen elo gutt an d'Zäit passen.
Käschtekuch
Hei e bësse méi spezielle Kuch. Et brauch ee Käschtemiel fir dee Kuch. Dat fannt der am Biobutték. Et ass ee säftege Kuch, ganz extra am Goût. Probéiert d'Rezept roueg aus, et ass definitiv derwäert. Ech hunn d'Rezept vun enger Frëndin kritt, hunn et awer bësse geännert. Rezept: 250g Botter 250g Kristallzocker 1 Pak Vanillzocker… Weiterlesen Käschtekuch
Fréijoersdekoratioun am Haus a virun der Dier
Hei einfach epuer Dekoratioune mat Blumme schéi faarweg fir d'Fréijoer.
Dëschdeko Ouschteren
Hei epuer Iddien fir d'Dëschdekoratioun fir Ouschteren. An hei nach eng aner Variant. Dat war net bei mir selwer, mee bei menger Tatta a bei mengem Monni. A nach eppes anescht:
Wäffelcher
Wäffelcher, wien kennt se net? D'Rezept ass ganz einfach just fir se ze bake braucht der bëssen Zäit. A natierlech e Wäffelcherseisen!:-) Vun deem Rezept hei kritt der ongeféier 80 Wäffelcher, wann der en Téiläffel Deeg pro Kichelchen op d'Wäffelcherseise maacht. An enger bleche Këscht halen d'Kichelcher sech ouni Problem puer Wochen. Vill Spaass! Rezept:… Weiterlesen Wäffelcher
Mini-Deko mat Blummen
Hei einfach puer Blummen a klenge Vasen. Kann och als Dëschdeko an der Mëtt vum Desch ganz schéi maachen. Oder einfach esou fir et schéin ze hunn. Ajo, a puer Wäffelcher fir beim Kaffi.;-)