Mega einfacht Rezept fir ganz séier e puer gutt Häppercher fir beim Apero ze maachen.
Dir huelt ee fäerdege Bliederdeeg (am beschte rechteckeg, ronn geet awer och). Dir beleet en entweder mat Zoossiss oder dir schmiert en mat Pesto an (et ass egal op der rouden oder grénge Pesto huelt). Duerno rullt der den Deeg fest zu enger Strull zesummen a schneit en a kleng Stécker.
Dir verdeelt di Stécker op engem Bakblech (dir musst oppassen, dass der se net ze no beienee leet, well se ginn op wann se gebak ginn) a bakt se bei 180 Grad Ëmloft 12-15 Minutten.
Gudden Appetit!