E ganz einfacht Rezept fir Mürbekichelcher. An duerno bësse Gepiddels fir d’Glasur driwwer ze maachen, mee déi kann een och roueg wechloossen. Wann ee schéin Ausstiechformen huet, da gesinn d’Kichelcher och ouni Glasur schéin aus a schmaache gutt bei enger Taass Kaffi. Dann hei mol d’Rezept fir den Deeg: 200g Botter 150g Zocker 1 Ee… Weiterlesen Ouschterkichelcher
Kategorie: Dekoratioun
Blummendeko
Hei einfach puer Dekoratioune mat Blummen...net komplizéiert an awer gesäit et flott aus...
Dëschdeko fir Chrëschtdag
Hei epuer Iddiën fir är Dëschdeko fir d'Feierdeeg. Ech mengen do braucht der keng Erklärungen derbäi.:-)
Dëschdekoratioun Kanddaf
Hei war meng Dëschdekoratioun fir de Kanddaf vun eise Kanner. De Kanddaf war kuerz virun Ouschteren, soudass d'Fotoen elo gutt an d'Zäit passen.
Fréijoersdekoratioun am Haus a virun der Dier
Hei einfach epuer Dekoratioune mat Blumme schéi faarweg fir d'Fréijoer.
Dëschdeko Ouschteren
Hei epuer Iddien fir d'Dëschdekoratioun fir Ouschteren. An hei nach eng aner Variant. Dat war net bei mir selwer, mee bei menger Tatta a bei mengem Monni. A nach eppes anescht:
Mini-Deko mat Blummen
Hei einfach puer Blummen a klenge Vasen. Kann och als Dëschdeko an der Mëtt vum Desch ganz schéi maachen. Oder einfach esou fir et schéin ze hunn. Ajo, a puer Wäffelcher fir beim Kaffi.;-)
Fréijoersdekoratioun am Gank
Deschdekoratioun Blotéin
Hei eng weider Dëschdeko. Et ass net vill Opwand, einfach bëssen an de Schief wullen a verschidde Saache kombinéieren. Vill Spaass!
Dekoratioun Wanter
No der Chrëschtdeko hunn ech oft Loscht op méi eng roueg Dekoratioun, net sou iwwerluede wéi d'Dekoratioun de Mount virdrun. Hei eng kleng Iddi fir eng ganz neutral Deko, mat e puer schéine wäisse Plateauen an einfach e puer flotte Käerzen derbäi.