Kichelcher · Kuchen

Muffins mat Schockela

Hei een immens einfacht Rezept fir Muffins. Et brauch ee mol kee Mixer!:-) Alles an eng Schossel maachen a mam Schnéibiesem duerchernee réieren. A Muffinforme fëllen an an de Schäffchen…fäerdeg!

Rezept:

  • 2 Eeër
  • 2 Päck Vanillzocker
  • 100g Kristallzocker
  • 150g Sauerram
  • 100ml Ueleg
  • eng Pouz Salz
  • 100g Mandelen oder Hieselnëss (gemuel)
  • 100g Schokoraspel
  • 150g Miel
  • 2 Téiläffelen Bakpolver

Eeër, Vanillzocker, Zocker, Sauerram an Ueleg mam Schnéibiesem verréieren.

Duerno de Recht drënner réieren an den Deeg ass fäerdeg!

20-25 Minutten am viergewiermten Uewen bei 180 Grad Ëmloft baken.

Op engem Hiertchen ofkille loossen a mat bësse Pudderzocker driwwer zerwéieren. Ee Gudden!

Klengen Tipp: Ech maachen oft Mini-Muffins. Dat sinn dann einfach mi kleng Portiounen, ideal och fir d’Kanner…

Hinterlasse einen Kommentar