Eng Muertenzopp mat Ingwer a Kokosmëllech. Ech maachen se gär em Ouschteren. Ech zerwéieren se a klengen Espressostase beim Apero. Dir kënnt se awer och roueg als Entrée zerwéieren.
Wat d’Quantitéiten ubelaangt hunn ech elo alles bëssen op Ongeféier gemaach. Et ass iech selwer iwwerlooss op der méi oder manner Ingwer, Muerten oder Kokosmëllech dramaacht.
Rezept:
– 500g Muerten (Biomuerte schmaachen am beschten)
– 1,5cm vun enger Ingwerwuerzel
– 1 grouss Ënn (150g)
– 400ml Waasser
– 1 Geméiscube
– 200ml Kokosmëllech
– 200ml Kokosram
– Salz, Peffer an eventuell bësse Currypolver
– frësch Bratzelen (gedréchent geet och wann ee soss keng huet)
Muerten, Ingwer, Ënn a Waasser an een Dëppe maachen a kache loosse bis d’Geméis gutt mëll ass. Dir kënnt de Cube och schonn direkt derbäi maachen. Duerno alles mam Mixer mixen an d’Kokosmëllech an d’Kokosram derbäi maachen. Checkt elo eemol op d’Konsistenz sou ass wéi der se gären hätt, a wann dat Ganzt iech nach ze déckflësseg ass da maacht nach bësse Waasser derbäi. Zu Schluss d’Zopp ofschmaachen a würzen. Dir kënnt och nach bësse Currypolver derbäi maachen, dat schmaacht och immens gutt. D’Bratzele maachen ech kuerz virum Zerwéieren an d’Zopp.
Vill Spaass an ee Gudden!
Klengen Tipp: Wann der net vill mat Ingwer an ärer Kiche schafft, dann hei eng Iddi wéi der di ugefaange Wuerzel verschaffe kënnt. Wann der eng Karaff mat Waasser hutt, da schneit einfach epuer kleng Scheiwen Ingwer dran. Dat gëtt e ganz gudden, erfrëschende Goût. Dir kënnt souguer ganz verréckt sinn a nach epuer Scheiwen Zitroun derbäi maachen!;-)
Salut Tammy
Super Deng homemadeseit.
Ech probeieren Deng Zopp fir Ouschteren beim Apéros
LG
A Schein Ouschteren wenscht
Marie-Josée
LikeGefällt 1 Person
Villmols Merci Marie-Josée a vill Spaass beim Nokachen!🤗
LikeLike
Mega, deng Muertenzopp 💕 bei eis waren se Ouschteren och all begeeschtert! Weider sou 😘
LikeLike
Merci, da sinn ech mega frou!🤗🤗
LikeLike