Kichelcher

Schockelaskichelcher

Hei en einfacht Rezept vu Schockelaskichelcher. Immens séier gemaach, an awer och immens gutt am Goût. Et ginn ongeféier 50 Kichelcher déi sech gutt an enger bleche Këscht halen.

Rezept:

  • 200g Miel
  • 1 Téiläffel Bakpolver
  • 80g brongen Zocker
  • 80g Kristallzocker
  • 2 Téiläffele Vanillzocker
  • 1 Ee
  • eng Pouz Salz
  • 120g Botter (geschmolt)
  • 70g gemuelen Hieselnëss
  • 150g Schockodrops

Einfach alles beieneen an eng Schossel maachen an et bësse mixen. Duerno den Deeg mat den Hänn knieden a kleng Bulle formen (sou dat et ongeféier 50 Bulle ginn). Bakpabeier op ee Bakblech maachen an d’Bullen drop léën. Am viergewiermten Uewen bei 170 Grad Ëmloft 15-20 Minutte baken.

Hinterlasse einen Kommentar