E Rezept fir d'Fuesent. Anescht wéi bei de Bällercher halen des Zort Fueskichelcher sech e puer Deeg an enger bleche Këscht. Dat hei ass awer méi ee kompakte Kichelchen, net fluffeg. Duerch d'Puddingpolver kréien d'Kichelcher eng schéi giel Faarf bannendran. Rezept: 100g Botter 2 Eeër 1 Iessläffel Vanillzocker 100g Kristallzocker 1/2 Pak Vanillpuddingpolver 4 Iessläffelen… Weiterlesen Kniet
Kategorie: Rezepter
« Bällercher » Fueskichelcher matt Stoffi
Wat wier d’Fuesent ouni frësch Fueskichelcher? Hei ass erëm e Rezept dat mech u meng Kandheet erënnert, wa meng Mamm em d’Fuesent déi klassesch « Bällercher » gemaach huet. Eenzegen Hoken, si mussen am beschten de selwechten Dag wou der se maacht och giess ginn, well frësch schmaachen se einfach besser. Et kann een se den Dag… Weiterlesen « Bällercher » Fueskichelcher matt Stoffi
Eisekuchen
Hei ee Rezept fir Eisekuchen ze maachen. D'Rezept hunn ech vu menger Schwéiermamm an et kann een et och a méi grousse Quantitéite maachen, fir eng Kiermes oder soss e gréissert Fest. Am Fong gëtt hei einfach alles beienee geschmass, passt just op dat d'Eeër Zëmmertemperatur hunn an ech schmëlzen de Botter ëmmer fir an… Weiterlesen Eisekuchen
Roudewäinskuch
Hei een a mengen Aen absolute Klassiker, wat d’Kuchen ubelaangt. Ech erënnere mech drun, dat et dëse Kuch fir all Gebuertsdag bei eis doheem ginn ass. En ass immens einfach ze maachen, einfach alles an eng Schossel an da MIX-MIX. An eng Kucheform an eng Stonn an de Schäffchen. Einfach Pudderzocker driwwer an et huet… Weiterlesen Roudewäinskuch
Ech
Ech heeschen Tammy Jacoby an hu 35 Joer. Ech si bestuet an hunn Zwillinge vu 4 Joer, e Jong an e Meedchen. Ech si vu Beruff Léierin a schaffen am Atert-Lycée zu Réiden. Meng gréissten Hobbyen si BAKEN an DEKORÉIEREN. Ech ginn oft vu Kollegen a Bekannte no Rezepter oder Iddien gefrot an ech hu… Weiterlesen Ech