Autor: Tammy Jacoby
Crème brûlée
Ganz einfacht Rezept fir eng Crème brûlée ze maachen. Ech hunn d'Rezept viru Joren eemol vun enger Frëndin kritt an ech maachen et oft als Dessert well et ëmmer immens gutt ukënnt a wierklech net vill Opwand ass. Ech hunn d'Crème brûlée och schonn oft a ganz kleng Schësselcher gemaach, da kann een e "Dessert… Weiterlesen Crème brûlée
Muffins mat Schockela
Hei een immens einfacht Rezept fir Muffins. Et brauch ee mol kee Mixer!:-) Alles an eng Schossel maachen a mam Schnéibiesem duerchernee réieren. A Muffinforme fëllen an an de Schäffchen...fäerdeg! Rezept: 2 Eeër2 Päck Vanillzocker100g Kristallzocker150g Sauerram100ml Uelegeng Pouz Salz100g Mandelen oder Hieselnëss (gemuel)100g Schokoraspel150g Miel2 Téiläffelen Bakpolver Eeër, Vanillzocker, Zocker, Sauerram an Ueleg mam… Weiterlesen Muffins mat Schockela
Deschdekoratioun Blotéin
Hei eng weider Dëschdeko. Et ass net vill Opwand, einfach bëssen an de Schief wullen a verschidde Saache kombinéieren. Vill Spaass!
Säftege Marmerkuch
Hei e Rezept vun engem gutt säftege Marmerkuch. Einfach a schnell ze maachen. Rezept: 300g Miel 1 Pak Bakpolver 200g Kristallzocker 1 Pak Vanillzocker 4 Eeër 250g Botter oder Margarine 250g Sauerram eng Pouz Salz 1 Iessläffel Mëllech 1-2 Iessläffelen Kakaopolver Alles, bis op de Kakao an d'Mëllech mixen. Duerno den Deeg an 2 deelen… Weiterlesen Säftege Marmerkuch
Kalen Hond
Eng lëtzebuergesch Spezialitéit. Kalen Hond, och bekannt ënner Petitbeurre’s Kuch. Et gi vill Variante wat dëse Kuch ubelaangt. Ech kennen e vun doheem mat der klassescher Vanillsbottercrème. Ech ginn iech hei awer 2 Variante vu Bottercrème, eng Vanills- an eng Schockelasbottercrème. Béid Variante sinn a mengen A gutt, d’Schockelasvariant géing ech vläicht éischter fir e… Weiterlesen Kalen Hond
Zitrounekichelcher mat Cranberry
Hei eng méi speziell Zort Kichelcher. Bësse méi exotesch. Ech rullen den Deeg, wann e fäerdeg gemixt ass op engem Bakpabeier aus (e soll ongeféier 1,5cm déck sinn), a baken en an engem ganze Stéck (d'Form ass am Fong egal, ronn, oval, rechteckeg oder quadratesch). Wann den Deeg fäerdeg gebak ass, da schneiden ech en… Weiterlesen Zitrounekichelcher mat Cranberry
Schockelaskichelcher
Hei en einfacht Rezept vu Schockelaskichelcher. Immens séier gemaach, an awer och immens gutt am Goût. Et ginn ongeféier 50 Kichelcher déi sech gutt an enger bleche Këscht halen. Rezept: 200g Miel 1 Téiläffel Bakpolver 80g brongen Zocker 80g Kristallzocker 2 Téiläffele Vanillzocker 1 Ee eng Pouz Salz 120g Botter (geschmolt) 70g gemuelen Hieselnëss 150g… Weiterlesen Schockelaskichelcher
Kniet
E Rezept fir d'Fuesent. Anescht wéi bei de Bällercher halen des Zort Fueskichelcher sech e puer Deeg an enger bleche Këscht. Dat hei ass awer méi ee kompakte Kichelchen, net fluffeg. Duerch d'Puddingpolver kréien d'Kichelcher eng schéi giel Faarf bannendran. Rezept: 100g Botter 2 Eeër 1 Iessläffel Vanillzocker 100g Kristallzocker 1/2 Pak Vanillpuddingpolver 4 Iessläffelen… Weiterlesen Kniet
« Bällercher » Fueskichelcher matt Stoffi
Wat wier d’Fuesent ouni frësch Fueskichelcher? Hei ass erëm e Rezept dat mech u meng Kandheet erënnert, wa meng Mamm em d’Fuesent déi klassesch « Bällercher » gemaach huet. Eenzegen Hoken, si mussen am beschten de selwechten Dag wou der se maacht och giess ginn, well frësch schmaachen se einfach besser. Et kann een se den Dag… Weiterlesen « Bällercher » Fueskichelcher matt Stoffi