Oft behält ee beim Baken Eewäiss iwwreg. Ech hu mer ugewinnt dovunner Meringue ze maachen. Da musst der et alt net wechwerfen. Dat hei ginn ongeféier 30 Meringuen. Wat kënnt alles dran? 2 Eewäiss 1 Téiläffel Zitrounejus 150g Kristallzocker 1 Pak Vanillzocker Wéi gëtt et gemaach? D'Eewäiss mam Zitrounejus zu festem Schnéi klappen. Duerno den… Weiterlesen Meringue
Autor: Tammy Jacoby
Nësskichelcher
Nach e Klassiker fir an d'Kichelcherstitchen fir Chrëschtdag ze verschenken. Séier gemaach an herrlech am Goût. Wat kënnt alles dran? 4 Eewäiss 250g Kristallzocker 2 Päck Vanillzocker 250g gemuelen Hieselnëss 20 Hieselnëss Wéi ginn d'Kichelcher gemaach? Dir klappt d'Eewäiss zu festem Schnéi a maacht dann den Zocker an d'Nëss derbäi. Dat Ganzt gutt vermëschen. Da… Weiterlesen Nësskichelcher
Chocolate Chip Cookies
Hei e Rezept vu menger Tatta aus Amerika! Richteg Chocolate Chip Cookies. Ech hunn d'Rezept liicht ëmgeännert, well ech bësse méi genau Moosse wollt uginn, soudass et méi einfach ass se nozebaken. Vill Spaass beim Nobaken...een excellente Kichelchen!! D'Rezept ass fir ongeféier 30-40 Kichelcher, je nodeem wéi grouss der se maacht. Wat kënnt dran? 100g… Weiterlesen Chocolate Chip Cookies
Stollen
Sou, dat éischt Rezept fir Chrëschtdag. Ee Stollen. Et ass zwar lo kee klassesche Stollen, et ass bësse méi eng "einfach" Variant. Wat flott drun ass, dir kënnt e sou maache wéi en iech am beschte schmaacht. Wat alles drakënnt: 500g Miel 1 Pak Bakpolver 200g Zocker 1 Pak Vanillzocker 175g Margarine 2 Eeër 250g… Weiterlesen Stollen
Kichelcher mat Smarties
Hei ee Rezept wat sech perfekt ubitt fir zesumme mat Kanner ze "baken". Dat heescht et leeft folgendermoossen of: ech maachen den Deeg, preparéiere kleng Kéipercher op engem Bakblech an DUERNO duerfen d'Kanner Smarties, Schockelasstécker, Mini-Marshmallows, Korinten, Nëss asw drop verdeelen. Wat kënnt dran? 200g Botter 2 Eeër 250g Zocker 1 Pak Vanillzocker 300g Miel… Weiterlesen Kichelcher mat Smarties
Aperobrout mat Pesto
Hei ass e Rezept fir eng Alternativ zum klassegen Olivebrout beim Apero ze hunn. Einfach a schnell gemaach an et kann een et och gutt afréieren. Wat kënnt alles dran? 200g Miel 1 Téiläffel Bakpolver 100g gerappte Parmesan 150ml Mëllech 2 Eeër 125-150g gréngen ODER roude Pesto (vu que dass ech fäerdege Pesto kaafe kritt… Weiterlesen Aperobrout mat Pesto
E gudde säftege Muertekuch
Hei e Rezept vun engem gudde säftege Muertekuch. Et kënnt iech dach och bestëmmt alt heiansdo vir, dass der nach Muerten am Frigo leien hutt, déi gutt verschafft wieren. A lass, probéiert mol eppes Neies aus. Wat kënnt alles dran? 375g gerappte Muerten 250g Miel 2 Téiläffele Bakpolver 250g Kristallzocker 1 Téiläffel Kanéil 250ml Ueleg… Weiterlesen E gudde säftege Muertekuch
Kichelcher mat Schockelasglasur
Ech fannen et ëmmer schéin, wann ee nom Dessert beim Kaffi nach e klengen "Extra" huet...puer selwer gebaakte Kichelcher. Op engem flotten Teller schéi presentéiert. Ech hunn zum Beispill elo fir de Weekend fir beim Kaffi bësse Bamkuch, Kokosmakrounen an eben bei där Kichelcher mat Schockelasglasur virgesinn. Ech fannen et ëmmer flott wann een 2-4… Weiterlesen Kichelcher mat Schockelasglasur
Äerdbiertiramisu
Gutt erfrëschend fir de Summer. Ratz fatz gemaach a schmaacht richteg gutt. Och fir schwanger Damme geduecht, et si keng réi Eeër dran! Dat hei ass e Rezept fir a klenge Glieser (150-200ml) ze zerwéieren. Dir braucht fir 6 Glieser 300g Äerdbier 500g Mascarpone 1 Orange Jus vun 1/2 Limett 7 Iessläffele Kristallzocker Tiramisukichelcher (ongeféiert… Weiterlesen Äerdbiertiramisu
Muffins mat Rubbarb oder Apel
E Rezept fir Muffins mat Rubbarb. Dir kënnt et awer och huele fir e Kuch ze maachen. Et gëtt mat deenen hei Quantitéite just e klenge Kuch, dir musst d'Zutaten verduebelen fir e "normale" Kuch (beim Käschtekuch fannt der d'Moossen vun de Kucheformen). Rezept: 2 Eeër 125g Kristallzocker 125g Margarine oder Botter 4 Iessläffele Mëllech… Weiterlesen Muffins mat Rubbarb oder Apel